Umberto I. vun Italien

Vu Wikipedia
Umberto I. vun Italien
Gebuer 14. Mäerz 1844
Turin
Gestuerwen 29. Juli 1900
Monza
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Monarch
Famill
Papp Vittorio Emanuele II. vun Italien

Den Umberto I. (dt. a fr. och Humbert I.), mam ganzen Numm Umberto Rainerio Carlo Emanuele Giovanni Maria Ferdinando Eugenio di Savoia, gebuer de 14. Mäerz 1844 zu Turin a gestuerwen duerch en Attentat den 29. Juli 1900 zu Monza, aus dem Haus Savoie, war vun 1878 bis 1900 Kinnek vun Italien.

Den Umberto war deen eelste Jong vum Krounprënz Vittorio Emanuele a senger Fra Adelheid vun Éisträich. Säi Papp gouf 1849 als Vittorio Emanuele II. Kinnek vu Sizilien an den Umberto deemno mat 5 Joer Krounprënz.

Hie gouf Offizéier an der piemonteesesch-sardescher Arméi an huet un den Eenegungskricher deelgeholl, ë. a. am Konflikt mat Éisträich, well säi Papp, zesumme mam Ministerpresident Camillo Benso vu Cavour, och Deeler vum éisträicheschen Territoire an Italien, dat se vereene wollten (Risorgimento), mat abezéie wollten. Sou war hien 1859 bei der Schluecht vu Solferino mat derbäi. Duerch d'Victoire an där Schluecht konnt säi Papp de 17. Mäerz 1861 zu Turin offiziell d'Kinnekräich Italien ausruffen (mat sech un der Spëtzt), soudatt den Umberto ewell Krounprënz vum gëeenten Italie war.

Och an der Schluecht bei Custozza, 1866, wou Italien nach eng Kéier huet misse géint Éisträich kämpfen, well dat Venetien net wollt ofginn (dës Kéier zesumme mat Preisen) huet den Umberto enger Divisioun d'Uerdere ginn. A schliisslech war hien am September 1870 dobei, wéi Italien de Kierchestaat a Roum eruewert huet. Säi Papp, de Kinnek, huet hien doropshin zum Generolleitnant befërdert an zum Commandant-en-chef vun der réimescher Garnisoun ernannt.

Fir den Umberto war et net sou einfach, eng Fra ze fannen: fir déi al europäesch Adelsfamillen war déi nei Kinneksfamill vun Italien "Parvenuen", a vill haten et déck op hinne sëtzen, datt se géint de Poopst an de Kierchestaat gekämpft (a gewonnen) haten. Schliisslech huet hie sech den 22. Abrëll 1868 misse mat senger Cousine Margherita vu Genua bestueden. Si kruten ee Jong, de Vittorio Emanuele, de spéider Kinnek Vittorio Emanuele III. vun Italien).

Nom Doud vu sengem Papp, den 9. Januar 1878, gouf den Umberto Kinnek vun Italien an Herzog vun der Savoie. Hien huet sech net Umberto IV. vun der Savoie genannt, mä Umberto I.

Innepolitiesch stoung seng Régence am Zeeche vu soziale Spannungen, déi ëmmer méi grouss goufen. D'Sozialisten hu sech géint d'Expansiounspolitik gewiert, wéi Italie probéiert huet, och um grousse Kolonialkuch e Stéck ofzekréien. Dëst huet natierlech vill Sue kascht, an huet Steiererhéijunge mat sech bruecht, déi hirersäits d'Aarbechter, déi schonn net vill verdéngt hunn, am meeschte getraff hunn. De 7. Mee 1898 koum et zu Mailand zu enger grousser Manifestatioun géint de Broutpräis, deen ëmmer méi an d'Luucht goung. De Generol Fiorenzo Bava-Beccaris huet d'Manifestatioun mat Waffegewalt ermëlze geloss, et gouf 200 Doudesaffer. Den Umberto huet dem Generol an engem Telegramm gratuléiert an him e Gielche fir seng "Réussite" ginn, wat vill Leit als en Affront ugesinn hunn. Hie war domat bei der Gauche an de Anarchisten "ënnen duerch". Als Vengence op dat Massaker huet den 29. Juli 1900 den Anarchist Gaetano Bresci de Kinnek, dee mat enger oppener Kutsch duerch Monza gefuer ass, mat véier Schëss aus engem Revolver erschoss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Umberto I. – Biller, Videoen oder Audiodateien