Usain Bolt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Usain St. Leo Bolt, gebuer den 21. August 1986 zu Sherwood Content, Trelawny Parish, ass e jamaikanesche Sprinter, dee sechsmol Gold bei den Olympesche Spiller gewonnen huet an deen de Weltrekord am 4-mol-100-Meter-Staffellaf, am 100- an am 200-Meter-Laf hält. Bei enger aktueller Weltrekordzäit vun 9,58 Sekonnen, déi en de 16. August 2009 an der Finall vun der Liichtathletik-WM zu Berlin opgestallt huet, ass hie bis lo deen eenzege Mënsch, deen d'100 Meter a manner wéi 9,6 Sekonne gelaf ass. De Bolt ass mat 9,63 Sekonnen an der 100-Meter-Finall bei den Olympesche Spiller zu London de 5. August 2012 och déi zweetséierst Zäit iwwert déi Streck gelaf.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Usain Bolt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Athleteportrait vum Usain Bolt bei der IAFF (en)
- Websäit vum Usain Bolt (en)