Utopie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Utopie, aus dem algriicheschen οὐτοπία = néierewou, staamt vum Thomas More sengem Staatsroman Utopia vu 1516 an deem e Modell vun engem ideale Staat beschriwwen ass.

An der Renaissance koumen nach e puer Utopien dobäi, wéi dem Dominikanerpater Tommaso Campanella säin Civitas solis ("Sonnestaat") an dem Francis Bacon säin Nova atlantis, ("Nei-Atlantis").

Och am Zäitalter vun der Opklärung hu sech Auteure mam Verlaangeren no engem gudden a gerechte Staat beschäftegt an dat Theema literaresch verschafft. Z'ernimme sinn do de Restif de La Bretonne an den Étienne-Gabriel Morelly, dee schonn 1755 a sengem Code de la nature de Privatbesëtz wëll ofgeschaaft gesinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Utopia – Biller, Videoen oder Audiodateien