Verkéiersschëlter aus dem lëtzebuergesche Code de la Route

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Verkéiersschëlter si Schëlter déi vum Code de la Route virgesi si fir de Stroossebenotzer ze soen u wat datt se sech ze halen hunn, fir se virun enger Gefor ze warnen, an awer och fir hinnen et méi einfach ze maache fir sech iwwerall erëmzefannen.

Verkéiersschëlter an der Stad Lëtzebuerg

Am Lëtzebuerger Code de la Route ginn d'Schëlter dem Gebrauch no agedeelt:

Warnschëlter[änneren | Quelltext änneren]

E Warnschëld ass eng Vertikal Signalisatioun, fir op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Verkéierswarnschëld Nuvola apps xmag.png

Virfaartsschëlter[änneren | Quelltext änneren]

E Virfaartsschëld ass eng Vertikal Signalisatioun, déi ugëtt a wat fir enger Reiefolleg déi verschidde Chauffere fueren däerfen.
  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Virfaartsschëld Nuvola apps xmag.png

Verbuetsschëlter[änneren | Quelltext änneren]

E Verbuetschëld ass eng Vertikal Signalisatioun, déi op e Verbuet oder eng Restriktioun hiweist.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Verkéiersverbuetsschëld Nuvola apps xmag.png

Gebuetsschëlter[änneren | Quelltext änneren]

E Gebuetsschëld ass eng Vertikal Signalisatioun, déi e Gebuet uweist.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Verkéiersgebuetsschëld Nuvola apps xmag.png

Hiwäisschëlter[änneren | Quelltext änneren]

E Verkéiershiwäisschëld ass eng Vertikal Signalisatioun, déi de Chaufferen entweder eng Richtung ugëtt fir en Zil z’erreechen, se op eppes opmierksam mécht oder hinne soss eng Hëllef gëtt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Verkéiershiwäisschëld Nuvola apps xmag.png

Schëlter fir ze parken, ze stationéieren a stallzehalen[änneren | Quelltext änneren]

Schëlter déi ugi wou et erlaabt oder verbueden ass:

Spureschëlter[änneren | Quelltext änneren]

E Spureschëld ass eng vertikal Signalisatioun, déi gëlteg ass fir eng oder méi Spuren vun enger Strooss, wann dës Strooss méi Spuren an enger Richtung huet.

Zoneschëlter[änneren | Quelltext änneren]

En Zoneschëld ass eng vertikal Signalisatioun, déi z. B. e Verbuet, e Gebuet oder d'Modalitéite vum Stationéieren uweist an déi sech op méi Stroosse bezitt déi uneneen hänken, ouni datt all Schëld no all Kräizung erëm misst widderholl ginn.

Symboler an aner Beschrëftungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Schëlter aus de Kapitelen hei driwwer kënne mat Symboler oder Beschrëftunge kompletéiert ginn. Dës Symboler an d'Beschrëftunge ginn op en Zousazschëld geschriwwen dat ënner dem Schëld hänkt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien