Zousazschëld

Vu Wikipedia
Parkschëld mat engem Zousazschëld

En Zousazschëld mat engem Symbol oder enger Beschrëftung kann e Verkéiersschëld completéieren, wann z. B. d'Schëld ënnert deem et hänkt nëmme fir verschidde Kategorië vu Benotzer oder nëmmen zu verschiddenen Auerzäite gëllt.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] festgehale gouf, an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Symboler an aner Beschrëftungen am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière am Artikel 107, ënner der Rubrik IX. Symboles et inscriptions additionnels beschriwwen.

Lëscht vun den Zousazschëlter[änneren | Quelltext änneren]

Bedeitung Bezeechnung(en) Bemierkung
1 Nëmme fir verschidde Benotzer oder Gefierer Zousazschëld Modell 1
2 Nëmme fir Liwweranten Zousazschëld Modell 2
3 Indikatioun vun enger Distanz Zousazschëld Modell 3
4 Nëmmen op gewëssen Deeg an/oder zu gewëssen Auerzäiten Zousazschëld Modell 4
5 Ausname fir verschidde Benotzer oder Gefierer (fir Parkschëlter) Zousazschëld Modell 5
6 Ausname fir verschidde Benotzer oder Gefierer Zousazschëld Modell 6
7 Zäitlimitte fir Parkschëlter Zousazschëld Modell 7
8 Risk vu Glatäis Zousazschëld Modell 8
9 Schoulbus Zousazschëld Modell 9

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Zousazschëld mam Symbol oder der Beschrëftung hänkt ëmmer ënnert deem Schëld op dat et sech bezitt. D'Symbol oder d'Beschrëftung ass schwaarz op wäissem Hannergrond, wann et net anescht festgeluecht ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zousazschëld – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 107 – IX. Symboles et inscriptions additionnels aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerunge duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 14. Februar 2019.