Viaduc vun Houffalize

Vu Wikipedia
Viaduc vun Houffalize
Thumb
Thumb
Geographie
Land Belsch
Plaz Houffalize
Funktioun
Benotzt als Autobunnsbréck
Féiert iwwer Ourthe
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 369,90 m
Breet 2 x 16 m
Material Dunnen: Béton préfabriqué
a virgespaante Betong
Bemierkungen
Opgaangen Baujoer: 1974 - 1979

De Viaduc vun Houffalize ass eng Autobunnsbréck vun der Belscher A26 / E25 um PK 64,45, iwwer den Dall vun der Ourthe nërdlech vun Houffalize.

D'Bréck mat enger Totallängt op der Fuerbunn vun 369,90 Meter besteet aus:

  • Dem Bou mat enger Spanwäit vun 162 Meter
  • Aacht säitleche Felder 4 riets a 4 lénks vum Bou mat all Kéier 26,40 Meter

D'Fuerbunn huet eng Déckt vu 77 cm an ass vu Stäipe gedroen déi all Kéier 26.4 Meter vuneneen ewech stinn.

Et gëtt am Ganze 14 där Felder wouvun der 6 um Bou stinn.

D'Fuerbunne sinn an der Mëtt vunenee getrennt a sinn 2 x 16 m breet.

Viaduc vun Houffalize vun der N860 aus gesinn