Vianden International Music Festival and School

Vu Wikipedia
De Concert vum Studentenensembel vum 27. August am Kulturzenter Larei.

Vianden International Music Festival and School ass d'Bezeechnung vum internationale Museksfestival a vun der internationaler Museksschoul, déi zanter dem Joer 2009 am Summer zu Veianen ofgehale ginn.

De Programm ass op Lycées- an Unisstudenten an op jonk professionell Museker zougeschnidden a stellt en usprochsvollen Trainingsprogramm fir Sänger, Komponisten, Pianisten a weider Instrumentalisten (Gei, Viola, Cello, Flute, Oboe, Klarinett a Basson) duer.

De Festival huet sech de Slogan "The World meets in Luxembourg" ginn (lb.: d'Welt begéint sech zu Lëtzebuerg).

An deene véierzéng Deeg vum Festival gëtt et all Dag ee bis méi Concerten, an der éischter Woch vun Ensemblë vun Enseignanten, an der zweeter Woch vun de Studenten. D'Concerte ginn op follgend Plazen a ganz Veianen ofgehalen: op der Buerg, am Kulturzenter Larei, an de Kierchen an am ale Kino.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 16.–28. August 2009
  2. 15.–27. August 2010

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]