Op den Inhalt sprangen

Victor Conzemius

Vu Wikipedia
Victor Conzemius
Gebuer 3. September 1929
Iechternach
Gestuerwen 24. Juni 2017
Luzern
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Victor Conzemius, gebuer den 3. September 1929 zu Iechternach, a gestuerwen de 24. Juni 2017, war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Kierchenhistoriker an Auteur.

Hien huet um Seminär zu Lëtzebuerg Philosophie an Theologie studéiert. Duerno huet hien zu Fribourg (Schwäiz) Geschicht, Theologie a Philosophie studéiert an 1954 krut hien do den Doktertitel an der Philosophie.

1955 krut hie seng Priisterwei a war vun 1956 bis 1958 Kaploun zu Steesel.

1958 ass hien op München gaange fir do ze fuerschen.

  • 1965-1968: Professer fir modern Geschicht zu Dublin (Irland).
  • 1970-1980: Professer fir Kierchegeschicht zu Luzern (Schwäiz).

Wierk (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Katholizismus ohne Rom - Die altkatholische Kirchengemeinschaft ; 1969.
  • Églises chrétiennes et totalitarisme national-socialiste ; Léiwen, 1969.
  • Propheten und Vorläufer - Wegbereiter des neuzeitlichen Katholizismus ; 1972.
  • Philipp Anton von Segesser, Demokrat zwischen den Fronten ; 1977.
  • 150 Jahre Diözese Basel ; 1979.
  • (als Editeur) Ignaz von Döllinger - Briefwechsel ; 4 Bänn, 1963-1981 (d'Aarbecht ass nach net ofgeschloss).
  • (als Editeur) Briefe von Philipp Anton von Segesser ; Bd. 1, 1983.
  • Robert Schuman - Christ und Staatsmann ; Friedrich Wittig Verlag, Hamburg & Imba Verlag, Freiburg/Schweiz, 1986; 62 Säiten.
  • Sind wir Luxemburger die besseren Katholiken? Ein Auslandsluxemburger erinnert sich ; in: 1840-1990 - 150 Jahre Luxemburger Katholizismus ; Spezialnummer vun nos cahiers, Jgg. 12 (Lëtzebuerg, 1991), Nr. 1; Ss. 115-133.
  • Joseph Lortz, Emile Donckel, Richard Maria Staudt - Drei Kirchenhistoriker ; in: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch 1841-1991 ; Lycée classique d'Echternach (Drock: Sankt-Paulus-Dréckerei, Lëtzebuerg), 1992; Ss. 389-400 (ill.).
  • Gottes Spurensicherer: H.D. Lacordaire [1802-1861] ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 16/1999; [= kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 16. Mee 2002].
  • Geld scheffeln zur Ehre Gottes - Hundert Jahre Max Weber ; in: Die Warte / Perspectives, Jgg. 56, Nr. 27/2086, S. 2; [= kulturell Wochbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 23. September 2004].
  • Jean Calvin: Im Visier das Himmlische Jerusalem - Zum 500. Geburtstag des Genfer Reformators ; in: Die Warte / Perspectives, Jgg. 61, Nr. 21/2263, Ss. 1-2; [= kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 2. Juli 2009].