Warndräieck
E Warndräieck ass eng mobil an zäitlech begrenzte Vertikal Signalisatioun, déi dozou déngt, op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen, soulaang déi net behuewe sinn.
[änneren] De Warndräieck am Auto
A verschiddene Länner, wéi an Däitschland oder der Belsch, ass et obligatoresch, e Warndräieck bei sech am Auto hunn, fir e kënnen opzestellen am Fall, wou engem säi Gefier eng Pann op enger Strooss huet.
De spuenesche Code de la Route gesäit fir datt 2 Warndräiecker am Auto musse sinn, publizéiert am Real Decreto 2822/98 vum 23. Dezmber 1998.
Zu Lëtzebuerg ass d'Matféieren a Persounewee vun engem Warndräieck vum 1. Juni 2008 u Flicht.
Text sou wéi en am Mémorial A - N° 33 vum 27. Mäerz 2008 publizéiert gouf:
A partir du 1er juin 2008, un triangle de présignalisation répondant aux exigences du Règlement (ECE) N° 27 concernant les prescriptions uniformes relatives à l’homologation des triangles de présignalisation doit se trouver à bord de tout véhicule routier automoteur ayant au moins quatre roues.
Wann een de Warndräieck vun deem Datum un net am Auto huet, muss ee mat engem Avertissement taxé vu 74 Euro rechnen.