Weier vun Hansez

Vu Wikipedia
Weier vun Hansez

De Weier vun Hansez an der Gemeng Olne ass eng natierlech Cuvette an déi d'Iwwerflächewaasser vun den Terraine ronderëm leeft. Fréier gouf déi Plaz als Waasserplaz fir d'Véi aus dem Duerf gebraucht. Zeien dovu sinn nach eng al Waasserpompel, an d'Steng vum Trach, deen awer elo deelweis ënner dem Waasser verstoppt ass.

De Weier läit op enger suppeger Plaz déi nëmmen eng ganz kleng Pente huet. Fréier war de Weier méi grouss, an et ass een iwwer eng Furt an d'Uertschaft komm.

Am Weier deen de 4. Oktober 1974 duerch Arrêté Royal geschützt gouf, fënnt e Planzegesellschaften déi wichteg fir Lurchen an Insekte sinn. Eng grouss Partie vun der Fläch ass vu Lëtsche bedeckt, an um Bord sti Kappweiden.