Wermut

Vu Wikipedia

De Wermut ass eng Zort Wäin, dee mat Kraider, Alkohol, Karamell, Zocker a Waasser versat gëtt. Haaptsächlech kënnt en aus Frankräich an Italien.

Technesch gesinn, zielt de Wermut net zu de Spirituosen, well en net destilléiert gëtt. Trotzdeem hält e sech, duerch den Zousaz vu Kraider, Zocker an Alkohol, sou laang wéi déi aner Spirituosen.

Wermut gëtt et a séissen, dréchenen an hallefséisse Varianten.