Wierbel

Vu Wikipedia
Déi fënnef verschidde Regioune vun der mënschlecher Wierbelsail:.

E Wierbel oder Wirbel (lat.: vertebra) ass eng Schank an en Deel vun der Wierbelsail am Kierper vun de Wierbeldéieren.

D'Wierbele vu bal all den Déieren hunn déi selwecht Grondform, mee ënnerscheede sech a Form a Gréisst. Tëscht all fräie Wierbel an dem nächste läit eng Bandscheif, déi d'Wierbelen auserneenhält. D'Réckemuerch verleeft duerch d'Wierbelen, a méi prezis duerch de Wierbelkanal.

Am mënschleche Kierper besteet d'Wierbelsail aus 24 fräie Wierbelen, déi iwwer 23 Bandscheiwe beweeglech verbonne sinn, an aacht bis zéng Wierbelen, déi zum Kräizbeen an zur Krippche verwuess sinn.

D'Wierbele ginn no hirer Lokalisatioun follgendermoossen ënnerscheet:[1]

  • 7 Halswierbelen (vertebrae cervicales)
  • 12 Broschtwierbelen (vertebrae thoracicae)
  • 5 Lennwierbelen (vertebrae lumbales)
  • 5 Kräizwierbelen: d'Kräizbeen (os sacrum)
  • 3-5 Krippcheswierbelen: d'Krippchen (os coccygis)

99,9 % vun de Mënschen hu 7 Halswierbelen, 12 Broschtwierbelen, 5 Lennwierbelen. An Ausnamefäll kann eng Persoun och en net-kompletten aachten Halswierbel oder e sechste Lennwierbel hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wierbelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DocCheck Flexikon: Wirbel