Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Mäerz

Vu Wikipedia

Artikel vun der Woch[Quelltext änneren]

Salut Alleguerten,

Zwei Virschléi zum Artikel vun der Woch:

  • 1) Mir nennen den Artikel a Zukunft Artikel vum Mount, vielleicht gëtt an deer Zäit eppes derbäi geschriwwen. Ech mengen dat brëngt och näischt , well wann an enger Woch näischt bäigeschriwwe gëtt, geschitt och näischt an engem Mount. Duerfir mäi Virschlag Numero 2.
  • 2) ech mengen e bessere Virschlag wir, mir schaafen den Artikel vun der Woch of, bis mer emol wéinegstens zu 20 bis 30 Läit an der Wikipedia schräiwen. De Moment huet jiddere genug mat deene Artikelen déi hie wellt schräiwen ze dinn.

Mat der Form wéi den Artikel vun der Woch elo leeft , mache mir äis no bausse nemme lächerlech.

Dat hei soll net polemesch sin, mee et ass als ganz seriöse Virschlag ze betruechten.

Johnny Chicago 00:48, 21 Feb 2005 (UTC)

Mäin eenzege grousse Problem mam Artikel vun der Woch ass, datt ech deen eenzege sinn, deen sech dodrëms këmmert. Wann ech en net änneren oder en anere virschloen...mat Ausnam vum WWII, da kënnt och nix dohinnerstoen. De Fall gesat, mir schafen en of, waat wëlls de op der Haaptsäit an d'Plaz setzen ? Mir hate schon d'Diskussioun fir d'Haaptsäit méi lieweg ze maachen, mee do hu mer villes misse fale loossen aus engem Mangel u Matschreiwer, mee eis awer drop geeenegt, datt den Art. vun der Woch bleiwt. Ech änneren deen dann och elo emol rëm total willkürlech well keng aner Propos komm ass iwwert déi lescht ganz Woch. --Briséis 10:41, 21 Feb 2005 (UTC)
Zum Artikel vun der Woch: Dat ass dee lästegste Problem: D'lescht Woch hat de Karlthegreat e Virschlag gemaach, mat deem jiddereen averstane war. Ech selwer hat näischt derbäi geschriwwen, well ech e Problem domat hunn. (Ech hu bestëmmt kee Problem mat der Iddi, kee Problem mat enger Ofstëmmung) Ech hunn e Problem mat der Praxis, dat heescht, wat "hannen erauskënnt". Wéi ech ugedeit hat, dass et net duer geet, mat engem Virschlag averstanen ze sinn, (well eis dat net weiderbréngt) koum et zu gréissere "Mëssverständnesser". Firwat? Hätt ech och sollte mat jo stëmmen? Mee, an dat ass d'Tragik, dat hätt guer näischt geännert! Net um Artikel an näischt un der Ofstëmmung. Ech traue mech iwwerhaapt net méi, nach eppes virzeschloen; ech erënnere mech nach wéi dat mat der Systematik vun de Liewewiese war! --Cornischong 21:37, 21 Feb 2005 (UTC)

An elo mol Eppes ganz Aneschters ![Quelltext änneren]

Et geet ëm d'Geogra..ie. Déi offiziell Schreifweis (jo déi!) léisst de sproochgestresste Matbierger d'Wiel: GEOGRAFIE oder GEOGRAPHIE. A well dat esou flott ass, huet haut den Owend nach e Guttmënsch sech aus Queensland eriwwerbeméit an extra Geographie op Geografie g'ännert, ouni ze mierken, datt et ënnen als Geographie steet, sou wéi (bis elo) de "Geographie"-Artikel heescht.
Mee et gëtt eng Hällewull Wierder mat deem Suffix. Fir eis net dropzemaachen domat: Kéinte mer eis "präventiv" drop eenegen, fir déi éischter "nei" Form vum ...fie ze gebrauchen, da spuere mer eis deen een oder anere Moschwier, mengt de --Cornischong 19:08, 9 Mäe 2005 (UTC)

Ech géif éischter soen, mer sollten déi al Form bäibehalen, well un déi si mer dach méi gewinnt, wéi un déi nei, an bis elo hu mer praktesch all déi Wierder ëmmer an deer aler Form geschriwwen. D'Preisen hunn dat iwregends dselwecht gemat (an zousätzlech ëmmer e Redirekt vun deer neier op déi al Form gesat). Just mäi Pefferkär. Otets 19:36, 9 Mäe 2005 (UTC)

Nobelpräis[Quelltext änneren]

Sali

Ech verstinn eppes net: all eis Lëschten hunn e wonnerschéinen Numm wéi "Lëscht vun XYZ"...wisou sinn d'Titele bei de Präisdréier sou komesch (cf. Lëscht Nobelpräis Medezin)... menger Meenung no sollt daat "Lëscht vun den Nobelpräisdréier fir Medezin" heeschen, en accordance mat allllllllll eisen anere Lëschten. Des weidere froen ech mech, wisou mer eis d'Liewe sou schwéier maachen, wann dach eis Noperen fäerdeg Lëschten hunn, op der Säit vum Präis selwer (siehe Nobel Prize in Literature, Nobelpreis für Literatur, wou d'Lëscht einfach am Haaptartikel vum jeweilege Nobelpräis mat drasteet ?!?

Mäi Pefferkär.

--Briséisβρισεισ 23:30, 25 Mäe 2005 (UTC)

Tja, dann erklären ech emol dat, wat ech verstan hunn:

  • De 24. Mäerz fannen ech nei Kategorien: "Nobelpräisträger fir xxx" an nei Artikelen: "Lëscht vun den Nobelpräisträger an der xxx". Well et keng ...träger am Lëtzebuergesche gëtt, a well mer besser hätten, mer nennen dat entweder "an der .." oder "fir ...", woubäi se allen Zwee net iwwerzeegen.
  • 24.3./15.15: Ech zielen dem Alexandra dat a froen, wéi mer dat maache kënnen.
  • 24.3./16.35: Ech liesen, datt mer nieft der Kategorie "Schrëftsteller" och eng "Schrëftstellerin" kréien, a maache mer Gedanken wat dat nach mat sech bréngt, well et jo och Nobelpräis... inne gëtt, déi awer net kënnen eng eege Lëscht kënne kréien !!
  • 24.3. Doropshin mecht den Zinneke e Virschlag, fir Nobelpräisdréier ze huelen. Ech hunn domat e Problem, well mär dat Wuert "anscheinend" guer net hunn an deem Zesummenhang. Ech ernimmen déi och: Säckdréier, "Walzendréier" (op enger Dréibänk!!), Gepäckdréier. Doropshin kucken ech am Google (op däitsch, dunn Lëtzebuergesch Siten, an den internationalen Deel): nix Präisdréier. Fir dem ...innen, dem Dréierproblem an dem "an der / fir" aus dem Wee ze goen, fällt mär "Lëscht Nobelpräis xx" an, wat ech dann emol virschloen. - - Fir eis Noperen net aus den Aen ze verléieren, kucken ech bei deenen, an zwar bei "Liste der Nobelpreisträger"; hei elei, do fannen ech all Zorte vu Nobelpräiser. Ech huelen e Beispill: "Liste der Nobelpreisträger für Literatur". No dem Opklicken mierken ech dann, datt déi och d'Begrënnung vum Nobelpräiskommitee ernimmen, an zwar op däitsch. Well ech mengen, et sollt een, wann een zitéiere well, déi Grënn op englesch brengen, mech awer net dozou entschléisse kann, déi op Lëtz. z'iwwersetzen (wat dat Ganzt vill méi komplizéiert mécht), hunn ech just d'Joer, de Numm an d'Nationalitéit erausgeholl an se an d' "Literatur-Nobel-Lëscht" eragesat. Déi Nationalitéiten, déi net dobäistoungen hunn ech léiwer emol si gelooss, well et net ganz einfach ass aus dem Kapp déi ze "mengen", well et do béis komplizéiert Fäll ginn.
Wann ech mech hei esou lästeg laang erklären, dann ass dat fir z'erklären, wéi dat Ganzt gelaf ass. Datt déi däitschsproocheg Wikipedia ZWOU Lëschten huet, ass natierlech charmant, mee et ass villäicht e bësse komesch, mee ech sinn eng Lëscht siche gaang, an hunn ënner "Liste ..." gekuckt an se och fonnt!

Datt déi Lëscht soll "Lëscht vun den Nobelpräisdréier fir Medezin" heesche soll, liicht anscheinend just mär net an.
Ech hätt villäicht besser gehat, mech aus Sproochsaachen erauszehalen, da léing ech scho laang am Bett. --Cornischong 02:40, 26 Mäe 2005 (UTC)

Dictionnaire[Quelltext änneren]

Wa mer vun Dictionnaire schwätzen, do hu mer jo och de Wiktionnaire. Vu datt mer schonns mat der Wikipedia méi wéi iwwerlaascht sinn, géif ech virschloen, eis net mat Saache wéi "der Berg" opzehalen, mee e bescheidenen, dofir awer pragmatesche Lëtzebuerger Wee ze goen: e Wiktionnaire fir Stacklëtzebuergesch. Well wann een net absëns gamer ass, dann ass et menger wärresch net einfach, gaangs mat deenen ausdenkege Wierder eens ze ginn. Eist Stacklëtzebuergesch ze erhalen oder wéinstens ze "e-konservéieren" wier et der Wäert, a sief et nëmme fir Wierder wéi dacks (aplaz oft), séier (aplaz schnell), Muerte, Kéisecker resp. Däreldéier, Päiperleck, Kaweechelchen etc. Wat mengt där? --Otets 01:02, 29 Mäe 2005 (UTC)

Pefferkär Cornischong[Quelltext änneren]

Gutt datt s de mech drun erënnert hues. Déi Niewewiki-Saachen komme mer e bësse louche vir: Heinandsdo sinn ech drun erënnert ginn, "do ass jo nach de Wikiquote". Dozou: Ech trauen dem Wikiquote net fir fënnef Cents; dat wat ech nokontroléiert hunn war décke (sic!) Schäiss, fir et emol däitlech ze soen. Mee dorems geet et hei net. Déi Saach mat enger Zort Wierderbuch vum Stack- an och manner Stacklëtzebuergeschen geet mär schonns ganz laang am Kapp erëm. D'Situatioun hei am Land, wann et ëm Wierderbicher an alle Forme geet, ass aarmeséileg. Wann d'Editions Saint Paul net dat schonn dacks ernimmten DLW erausbruecht hätten, séize mer hei wéi d'Kand beim Dreck. D'Affär mat den Uertschaftsnimm huet hei dozou gefouert, datt ech es sat hat, mech nach domat ze krepéieren. Dunn ass natierlech déi Saach leiebliwwen. D'Aarbechte fir den neien offiziellen Dictionnaire (jo, deen ass "ënnerwee!!) sinn elo beim Buschtaf A.
Am Moment ass déi Iddi aus "Personalgrënn" net duerchzesetzen.

Pefferkär Briséis[Quelltext änneren]

Deen eenzege Grond wisou iwwerhaapt eppes an eisem Wiktionnaire steet, ass well ech oft genuch dono gefrot gi sinn, an dunn e séiere graffe Kader dohinnergesaat hunn, fir de Fall datt een elo mengt e misst sech do ameséieren. Fir de Rescht befaassen ech mech guer net domat, ech hunn am Moment emol knapps Zäit fir d'Wikipedia (Schoulstress) :-) Datt "der Berg" drasteet, ass och einfach z'erklären: ech hu séier e Beispillartikel gesicht, fir wann dann ee sech ameséiere wéilt, datt en e Modell huet op deen e ka kucken. An d'Preisen, vun denen ech daat ganzt méi oder manner iwwersaat hunn, haten deen als Beispillartikel uginn, also hunn ech mech net weider midd gemaach. Déi ganz "Nieweprojeten" sti bei mir souwisou gaaaaanz wäit ënner "ferner liefen". E Kader ass bei allen irgendwou do, mee méi och net, well sech deen Opwand am Moment menger Meenung no nach net lount well mer daat heite mol opbauen. --Briséisβρισεισ 09:49, 2 Abr 2005 (UTC)

Félicitatiounen[Quelltext änneren]

Als éischt musse mer natierlech der en-wiki gratuléieren, déi virun e puer Deeg d'Lat vun de 500.000 Artikelen duerchbrach hunn.

Mee mer kënnen eis awer och selwer félicitéieren, well am Gesamtranking vun alle Wikipediaë si mer haut offiziell erëm op der 37. Plaz gelannt. Net schlecht fir e klengt Land, mat nach manner Leit déi Sprooch och wierklech beherrschen. Dofir: nëmme weider esou, mär sinn um gudde Wee! --Otets 08:17, 31 Mäe 2005 (UTC)

Sproochmates gesicht[Quelltext änneren]

Ech hu laang iwwerluecht a si schlussendlech zur Conclusioun komm, datt dat, wat eis op eiser Wikipedia feelt, e Linguist ass, deen dee ganze Projet richteg virundreift, an deen och an Orthographiesfroen ni verleeën ass. Deer hu mer am Ament keen, op alle Fall kee mat genuch Zäit, fir datt et wierklech e Stéck géif ginn. U sech wollt ech mer en neien Auto kafen, mee ech mengen, eppes Guddes ze maachen, wann ech domat léiwer nach 3-4 Joer woarden, an déi gespuerte Suen, esou ëm déi 21.000 Euro, dofir huelen, fir eng hallef Tâche fir e Linguist auszeschreiwen, deen dann au Choix mueres oder mëttes sech professionell ëm eis Wiki géif këmmeren, Artikele recherchéiert, schreift, an al Artikele vun eis op Schreiffeeler hi korrigéiert. Je no Salaires-virstellungen a Sozialkeschte wäert et vläicht net fir e ganzt Joer duergoen, mee dat gesi mer dann. Ween also e Linguist oder eng Linguistin kennt, déi gäeren hallefdags op CDD schaffe wëllt, dee ka mer jo hei seng Referenz hiposten oder, wat vläicht besser ass, mer se diskret iwwert d'Wikiformular mailen. --Otets 23:12, 31 Mäe 2005 (UTC)

Mär sollten eise Patt emol hannerun eis bréngen. So mär Bescheed. --Cornischong 00:26, 1 Abr 2005 (UTC)

tzzzzzzzzzzzzzzz! --Kniwwla 19:14, 1 Abr 2005 (UTC)

Ass jo scho gutt, da léise mer et ebe scho virum Owend op: Natierlech war déi doten Offre d'emploi just en Abrëllsgeck. Et muss een awer och soen: Leider. Well esou schlecht ass déi Iddi u sech guer net, just datt weder ech eleng nach d'lb-wiki-Kommunautéit dofir genuch Suen opdreiwe kéinten. Bäim Pappa Staat gesäit dat do anescht aus. Et freet sech awer, op bäi deene Leit, déi normalerweis just a Millioune rechnen, eng Ufro fir grad emol 50.000 Euro oder esou am Joer fir e Linguist, dee sech ëm d'Fleeg vun eiser Sprooch sollt këmmeren, iwwerhaapt ukomme kann. --Otets 17:50, 1 Abr 2005 (UTC)