Wikipedia Diskussioun:Lizenzschabloune fir Biller

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech liesen hei vu "Schëpfungshéicht" an éisträichesche CC-Lizenzen. Gëtt et dat iwwerhaapt am amerikaneschen Droit??

D'Wikimedia Foundation ass amerikanesch, d'Servere stinn déisäit dem grousse Pull. Éier mer hei mat Lizenzen, déi méi restriktiv sinn, wéi den Domaine Public oder d'GNu-Lizenz, hantéieren, misst ee mam néidege juristeschen Know-how emol soen, a wéiwäit déi relevant/applikabel/foundéiert sinn fir een, déi déi giff eraussichen.

--Zinneke 08:50, 19 September 2006 (UTC)

Jo dat gëtt et am amerikanesche Recht => Threshold of originality. --βρισεισDisk 18:51, 19 September 2006 (UTC)

Hu mär se nach all?[Quelltext änneren]

Nodeems hei e puer Honnert Fotoen eropgelude goufen, wäerte mer eis elo froen, ob et net besser gewiescht wier, ee vun de leschte Biller ënner Sodipodi Clipart oder ob eise Wopen ënner Wopen a.ä. vun enger polnescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z.B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen, ob et net ubruecht war, ob mäi lescht Bild net aus enger oppener Dingschtvirschrëft vun der Bundeswehr (ZDv) staamt oder ob eis Wopen net alleguer vun enger lëtzebuergescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z.B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen. Besonnesch déi zousätzlech Beschränkunge maache mer Gedanken! Hätt ech net besser gehat, meng Foto vum Kierchtuerm ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Attribution-ShareAlike License an der Versioun 2.0 (Ofkierzung „cc-by-sa“) zur Verëffentlechung fräiginn oder hätt d'Foto vum Sprangbur zu Tréier net missten ënnert de Bedingunge vun der Creative Commons Nummnennung 2.0 Däitschland („CC-BY“) verëffentlecht. Däerf eng Foto vun enger Kuckucksauer ënner de Bedingunge vun der Creative Commons Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 2.0 Éisträich (Ofkierzung „cc-by-sa/2.0/at“) verëffentlecht ginn, well se vläicht aus Éisträich kënnt.
Glécklegerweis "ass et och méiglech, e Bild ënnert méi wéi enger Lizenz ze verëffentlechen". Dat berouegt natierelch ongemeng, well fir d'Schëpfungshéicht z'erreechen, hätt ee vläicht besser léiwer mol eng méi ze huelen, fir sécher ze sinn.
Mer hu besser, mer setzen dat alles op déi éischt Säit, datt jidderee weess, op wat e sech hei aléisst. Schliisslech si mer anscheinend zwee Joer blannemännches am Bësch gelaf. --Cornischong 09:21, 19 September 2006 (UTC)

Jo mär hu se nach all. Deen Text ass vun der däitscher Wikipedia. Well iwwert d'Halschent vun dëse Lizenze souwisou bal ni benotzt gëtt, sti se och just hei op dëser Säit a sinn net am Dropdown-Menu ze fannen, wann een e Bild eroplued. Déi, déi een direkt kann auswielen, sinn déi "normal" Lizenzen. Mee déi aner ginn et eben och, an dofir ginn se hei ernimmt, fir de Fall datt een emol e souee Bild vun enger anerer Wiki fënnt. --βρισεισDisk 18:50, 19 September 2006 (UTC)

Et hätt ee vläit kënnen derbäischreiwen, datt et fir eege Biller ouni Bezuch z.B. zu Éisträich et kee Sënn mécht se ënnert eng Creative Commons Lizenz ze stellen déi op éisträichescht Recht zougeschnidden ass, well dat sech an deem Fall normalerweis guer net applizéiert.
Wat awer méi wichteg ass: et gëtt keng Biller, déi ënnert der BSD-Lizenz stoe kënnen (oder op d'mannst schwéierlech), well déi Lizenz just fir Software geduet ass.
--Otets ♣ 01:15, 16 Juni 2007 (UTC)