William-Adolphe Bouguereau

Vu Wikipedia
William-Adolphe Bouguereau
Gebuertsnumm Adolphe Williams Bouguereau
Gebuer 30. November 1825
La Rochelle
Gestuerwen 19. August 1905
La Rochelle
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Moler
Member vun Académie des beaux-arts

De William-Adolphe Bouguereau, gebuer den 30. November 1825 zu La Rochelle an do gestuerwen den 19. August 1905, war e franséische Moler. Hie gëllt als e Meeschter vun der Akadeemescher Konscht.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Hie war de Jong vun engem kathoulesche Wäinhändler mat engleschen Originnen. D'Quellen iwwer säi richtegen Numm sinn zweedeiteg: verschiddener ginn ëm den Numm William Adolphe Bouguereau, aneren no heescht en Adolphe William Bouguereau. Am Allgemenge gëtt den Numm William Bouguereau benotzt.

De Bouguereau huet d'Molerei an der École des Beaux-Arts zu Bordeaux (1846) an duerno zu Paräis am Atelier vum François-Édouard Picot geléiert, wou hien d'Akademesch Konscht studéiert huet.

Hien huet sech séier zu engem gefrote Moler établéiert an huet seng Biller deier a Frankräich, der Belsch, Holland, Spuenien, mä haaptsächlech an d'USA verkaaft. Amerikanesch Millionäre ware ganz u senge Wierker intresséiert, soudatt de franséische Staat 1878 fir dem Bouguereau seng éischt Retrospektiv nëmmen 12 Biller konnt zesummebréngen, de Rescht war an den USA.

1888 gouf hie Professer an der École des Beaux-Arts an an der Académie Julian zu Paräis.

Hien ass 1905 zu La Rochelle am Alter vun 79 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De William Bouguereau huet haaptsächlech Allegorien zu klasseschen an historeschen Theme gemoolt. Vill vu senge Biller hunn algriichesch oder alréimesch Virbiller, wéi zum Beispill Les Nymphes et le Satyre (1873), Dante et Virgile en enfer (1850) oder La Naissance de Vénus (1879).

No 1920 ass dem Bouguereau säi Wierk laang an de Vergiess geroden, haaptsächlech well hie sech géint d'Opkomme vun den Impressioniste gewiert huet déi sech no an no établéiert hunn. An deene leschte Joerzéngten ass et lues a lues erëm nei entdeckt ginn.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

1850er[änneren | Quelltext änneren]

1860er[änneren | Quelltext änneren]

1870er[änneren | Quelltext änneren]

1880er[änneren | Quelltext änneren]

1890er[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William-Adolphe Bouguereau – Biller, Videoen oder Audiodateien