Wim Delvoye

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Euterpe 2001

De Wim Delvoye , gebuer 1965 am belsche Wervik, ass en zäitgenësseche Kënschtler.

Den Delvoye wunnt a schafft zu Gent an zu New York.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] E puer vu senger Wierker

[änneren] Cloaca

Säin am meeschte bekannte Wierk ass Cloaca, eng Maschinn, déi de mënschleche Verdauungsprozess simuléiert an Exkrementer produzéiert. D'Maschinn gëtt mat kulinareschen Delikatesse gefiddert. Et existéieren am ganze 7 Modeller vu Cloaca. Deen éischte gouf 2000 am Museum voor Hedendaagse Kunst Antwerpen presentéiert. D'Endresultat konnt een sous vide kafen.

Am Hierscht 2007 gouf dee ganze Projet (Cloaca 2000-2007) am Casino vun der Stad Lëtzebuerg virgestallt. Dobäi ass och déi lescht aus der Serie, d' Super Cloaca, zum Asaz komm.

[änneren] Anal Kiss

[änneren] Art Farm of Tattooed Swine

A China huet den Delvoye eng zwou Dose Schwäin tätowéiere gelooss, mat gängege Motiver, wéi och verschidde Leit se gär hunn, oder mat de Logoe vu Luxus-Marken. Verschiddener vun hinne sinn no hirem Doud ausgestoppt an ausgestallt ginn.

[änneren] Aner Wierker

[änneren] Den Delvoye am Mudam

An der Eldorado-Ausstellung am Mudam steet eng aussergewéinlech "Installatioun mat Glasrummen", eng Zort "gothic" Kapell.
Op de faarwege Fënstere vun Euterpe sinn net, wéi een erwaarde giff, Helleger oder soss reliéis Themen, mee Kompositiounen op Basis vu Röntgefotoen, déi meescht vu Koppelen, déi sech këssen oder déi matenee schlofen. E bëssen erënneren déi Doudekäpp u Vanitas-Molereie vu spéitmëttelalterleche Meeschteren.


[änneren] Fir ze liesen

  • Amy, Michaël: The Body As Machine, Taken To Its Extreme, The New York Times, 20 January 2002, pp. 37-38.
  • Almanach, Fondation Musee d'Art Moderne Grand-Duc Jean, Luxembourg, 2004, pp. 106-114.
  • Wullschlager, Jackie: Kitsche to make Belgium rich, Financial Times, 30 March 2005, p. 10.

[änneren] Linken

[änneren] Um Spaweck

Commons: Wim Delvoye – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen