Wisława Szymborska

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Wisława Szymborska (2009)

D'Wisława Szymborska, gebuer den 2. Juli 1923 zu Bnin, haut e Quartier vu Kórnik, bei Posnan, a gestuerwen den 1. Februar 2012 zu Krakau, war eng polnesch Lyrikerin an Essayistin. 1996 krut si de Literaturnobelpräis.

Bis 1966 war d'Szymborska Member vun der Polnescher Vereenigter Aarbechterpartei. Méi spéit huet si sech vum Sozialismus distanzéiert. An den 1980er Joren huet si sech an der oppositioneller, deelweis verbuedener, Gewerkschaft Solidarność engagéiert an huet un der polnescher Samizdat-Publikatioun Arka an un der Exilzäitschrëft Kultura, déi zu Paräis erauskoum, matgeschafft.

Vun 1953 bis 1981 war si Mataarbechterin vun der Krakauer Literaturzeitschrift Życie Literackie, an där d'Serie vun hiren Essaye Lektury nadobowiązkowe (Fakultativ Lecture) erauskoum, déi duerno och e puermol a Buchform publizéiert gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wisława Szymborska – Biller, Videoen oder Audiodateien