Wollefsgrouf (Biekerech)

Vu Wikipedia
Wollefsgrouf
Land Lëtzebuerg
Gemeng Biekerech
Plaz Schweech
Adress Kadasterparzell 1046
Koordinaten 49°42'16,0"N, 5°55'35,9"O


D'Wollefsgrouf ass eng archeologesch Plaz mat enger Wollefsgrouf, an der Gemeng Biekerech.

Se läit am Bësch, op enger Knupp tëschent den Uertschaften Habscht, Huewel, Elweng, Schweech a Simmer.

Sou Wollefsgrouwe goufen zanter dem Mëttelalter bis an d'Neizäit ugeluecht, fir Wëllef dran ze fänken. Et ware Falen, déi aus engem déiwe Lach bestoungen, dat zougedeckt war, an op dat e Lackfudder geluecht gouf, fir d'Déier unzelackelen.

Déi hei ass 5 op 7 Meter grouss. Wéi déif se war, oder wéi al se ass, muss eng archeologesch Analys erausfannen.

D'Wollefsgrouf bei Biekerech ass déi eenzeg erhalen am Land. Dofir gouf se den 11. Abrëll 2018 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Gebaier an Objeten agedroen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).