Wolverine (Marvel Comics)

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wolverine
D'Wuessfigur vum Wolverine
Ass en(g) Mutant, literaresch Figur, Comicfigur, animéiert Figur, Filmfigur, Spillfigur
Geschlecht männlech
Gebuer 1830er
Alberta
Aktivitéit Militär, Spioun, Séimann, Biergaarbechter, Superheld
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz
Aefaarf blo
Gréisst 5,25 Fouss
Gewiicht 195 Pond
Universum
Aus Marvel Universum
Present am Logan

De Wolverine, deen och ënner anere verschiddenen Aliassen, ënner anerem Logan oder Weapon X figuréiert huet, ass e Superheld aus dem Marvel-Comics-Universum, dee meeschtendeels als e Member vun den X-Men associéiert gëtt. De Personnage gouf vum Roy Thomas, Len Wein an John Romita, Sr. kreéiert, a gouf am November 1974 a The Incredible Hulk #181 fir d'éischt presentéiert.

De Wolverine ass e kanadeschen Zaldot aus der Provënz Alberta, mam reellen Numm James Howlett. Hien ass e Mutant mat physikalesche Charakteristike vun Déieren, mat enger perfekter Regeneratiounsfäegkeet, mat ganz lueser Alterung a mat spezielle "Krallen" tëschent de Fangeren op den Hänn. Hien ass e grausamen Antiheld, mat senger Bereetschaft fir d'Doudesgewalt unzewenden a mat enger donkeler Natur. An den USA nom Vietnamkrich waren d'Antihelden a Comicken an an anere Konschtwierker beléift, an de Wolverine war faktesch e "Moossstaf" fir aner US-Comics-Antihelden.

„I'm the best there is at what I do, but what I do best isn't very nice.“
Wolverine

Hie war fir d'éischt als en Niewepersonnage geduecht, allerdéngs gouf de Wolverine ee vun de bekanntste Superhelden, dat net nëmme bei den X-Men, mä och am ganze fiktive Marvel-Universum. Hien huet seng eege Comicsserie, an en ettlech Spin-Offen, wéi Old Man Logan asw. Hien existéiert och praktesch an allen alternative Versioune vum Marvel-Universum. An der X-Men-Kinofranchise gouf de Wolverine vun 2000 bis 2017 vum Hugh Jackman gespillt, an am Film X-Men Origins: Wolverine (2009) gouf de jonken James Howlett vum Troye Sivan gespillt.

De Personnage vum Wolverine gouf vu bekannten themateschen Zäitschrëften, wéi Wizard, IGN, Empire als ee vun de beschten an notabele Personnagen an der Geschicht vun de Comicke consideréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolverine (Ultimate Marvel), James Howlett aus dem alternative Marvel-Universum
    • Jimmy Hudson, a.k.a. Wolverine, Jr., Wolverine II, James Howlett, Jr., de Fils vum Ultimate-Marvel-Wolverine
  • X-23 (Laura Kinney), e weibleche Marvel-Personnage, och als Wolverine bekannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wolverine – Biller, Videoen oder Audiodateien