Yasunari Kawabata
De Yasunari Kawabata (川端 康成 Kawabata Yasunari), gebuer de 14. Juni 1899 a gestuerwen de 16. Abrëll, 1972 ass e japanesche Schrëftsteller, deen 1968 mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf.
De Kawabata kënnt zu Osaka op d'Welt an am Alter vun zwee Joer verléiert hie seng Elteren. Dueno kënnt e bei sengem Papp seng Famill, mee seng Groussmamm a séi Grousspapp stierwen wéi de Yasunari siwe respektiv véierzéng Joer al ass. Als Bouf wollt hie Moler ginn, mee well schonn zu Lycéeszäiten Kuerzgeschichte vun him publizéiert gi waren, huet hie sech fir d'Literatur decidéiert.
Hie studéiert op der renomméierter Tokyo Universitéit a mécht do säin Ofschloss 1924. Zesumme mam Riichi Yokomitsu grënnt hien eng literaresch Zeitung Bungei Jidai (Déi kënschtlerësch Zäit). Hien huet zesumme mam Yokomitsu eng nei Zort Literatur promouvéiert an dës mat dem Term "Shinkankakuha" bezeechent. Domat wollten déi zwéin Auteuren nei Impressiounen, nei Sensatiounen an der Literatur schafen.
Nieft senger Aarbecht als Schrëftsteller huet de Kawabata och als Journalist geschafft, ënnert anerem fir d'Zeitung Mainichi Shimbun zu Osaka an zu Tokyo.
De Kawabata huet kuerz no sengem Universitéitsofschloss mat senge Kuerzgeschichten op sech opmierksam gemaach an et war Izu no odoriko1926, mat där him den Durchbroch gelongen ass.
Säin éischte Roman war Yukiguni, deen tëscht 1935 an 1937 publizéiert gouf. Och nom zweete Weltkrich huet hien zu den erfollegräichen Auteuren a senger Heemecht gehéiert, mat Wierker wéi Senbazuru, Yama no Oto, Nemureru bijo, Utsukushisa to Kanashimi to, a Koto.
Hie selwer huet Meijin (1951) als säi bescht Wierk consideréiert.
1968 gëtt de Kawabata als éischte Japaner mat dem Nobelpräis ausgezeechent, dat fir déi dräi Bicher Yukiguni, Koto an Senbazuru.
Hien huet sech 1972 ëmbruecht.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Wierker (Auswiel)
| Joer | Originaltitel | Lëtzebuergesch |
|---|---|---|
| 1926 | Izu no Odoriko (伊豆の踊り子) | D'Dänzerin vun Izu |
| 1935-37 | Yukiguni 雪国 | D'Schnéiland |
| 1951-54 | Meijin 名人 | Meeschter |
| 1949-52 | Senbazuru 千羽鶴 | Dausend Storchen |
| 1949-54 | Yama no Oto 山の音 | D'Grommele vum Bierg |
| 1954 | Mizumi 湖; みづうみ | De Séi |
| 1961 | Nemumeru bijo 眠れる美女 | Déi schéi Fraen, déi schlofen |
| 1962 | Koto 古都 | Déi al Haaptstad (Kyoto) |
| 1964 | Utsukushisa to Kanashimi to 美しさと哀しみと | Schéinheet an Trauregkeet |
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Hanami Web - Kawabata Yasunari (op Englesch)
- Nobelpräis (op Däitsch)
- Nobelpräis (op Englesch)
| Commons: Kawabata Yasunari – Biller, Videoen oder Audiodateien |