Zombie
En Zombie ass eng fiktiv Kreatur, déi a Bicher, Filmer, Serien an anere Medien, als operstanenen Doudegen oder en irrationalt mënschlecht Wiesen duergestallt gëtt. D'Geschicht vun den Zombiën huet hir Origin am spirituellen afro-karibesche Voodoo-Glawen, an deem e mächtegen Zauberer oder eng Hex Aarbechter kontrolléiere kann.
Esou eng Kreatur ass e mënschlecht Wiesen, dat fir dout gehalen a begruewe ginn ass, an dat - dem Volleksglawen no - erëm ausgegruewe ginn a mat onbekannte Mëttelen erëm zum Liewen erwächt ginn ass. Wéinst dem Mangel u Sauerstoff am Graf wier de "liewegen Doudegen" Gehir-dout erëm reaniméiert ginn an duerfir an engem katatoneschen Zoustand. E géing Onsécherheet an Angscht verbreeden an déi Lieweg, déi et fänkt, iessen.
D'Kreatur vum Zombie huet zënter den 1960er Jore stark u Popularitéit gewonnen, haaptsächlech zënter dem Succes vum amerikanesche Film Night of the Living Dead ("Nuecht vun de liewegen Doudegen") vun 1968. Vill fiktiv Wierker thematiséieren d'Zombie Apokalyps bei där d'mënschlech Zivilisatioun zesummebrécht an d'Zombie sech duerch e Virus weltwäit rapid ausbreeden.
Kuckt och [änneren]
- Zombie Film, deen éischte Lëtzebuerger Zombiefilm vun 2005