Op den Inhalt sprangen

Bikini-Atoll

Vu Wikipedia
Bikini-Atoll

De Bikini-Atoll gehéiert zu de Marshallinselen. D'Vereenegt Staate vun Amerika hunn do vum 1. Juli 1946 un, ënner dem Numm Operatioun Crossroads Atomtester gemaach.

Vum 7. Mäerz 1946 un ass d'Bevëlkerung vu Bikini op de Rongerik Atoll ausgesidelt ginn. Et sinn iwwer 20 Tester mat A-Bommen an H-Bomme gemaach ginn.

Déi 23 wäiss Stären am bloe Feld representéieren déi 23 Insele vum Atoll. Déi 3 schwaarz riets uewe sti fir déi 3 Inselen, déi beim Atomtest vun der Waasserstoffbomm vu 15 Megatonne mam Codenumm "Bravo" den 1. Mäerz 1954 vun der Äerduewerfläch verschwonne sinn. Déi zwéi schwaarz Stäre riets ënne representéieren déi zwou Inselen op deenen d'Bikinianer elo liewen: d'Kili-Insel, 425 Meile südlech vum Bikini-Atoll, an d'Ejit-Insel vum Majuro-Atoll. Déi zwéi Stäre si symbolesch wäit ewech vun de "Bikini-Stären" fir duerzestellen datt dës Insele souwuel an der Distanz wéi och an der Liewensqualitéit wäit vunenee leien, wéi Bikinianer op hirer Websäit schreiwen.

Champignon vun der Bakerexplosioun, fënneft Atomexplosioun op der Welt de 26. Juli 1946 um 8h35 lokal Zäit

De Saz deen an der Sprooch vun de Marshall-Insele geschriwwen ass: "MEN OTEMJEJ REJ ILO BEIN ANIJ", Alles ass a Gottes Hand, sinn d'Wierder déi de Juda, de Representant vun de Bikinianer, 1946 zum US-Kommodore Ben Wyatt gesot huet, deen op Bikini komm ass fir d'Leit ze froen d'Inselen opzeginn an z'evakuéiere fir datt d'USA kéinten hir Atomtester duerchféiere fir "d'Wuel vun der ganzer Mënschheet".

D'Ähnlechkeet mam amerikanesche Fändel soll d'Leit an d'Regierung vun den USA drun erënneren datt si ëmmer nach eng grouss Schold vis-à-vis vun de Bikinianer hunn.

Den Atoll huet dem Kleedungsstéck Bikini säin Numm ginn.

Commons: Bikini-Atoll – Biller, Videoen oder Audiodateien