Bréifkëschtefirma

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bréifboîtëfirma)
A gudder Noperschaft.

Bréifkëschtefirma oder Bréifboîtëfirma gi Gesellschafte genannt, déi wéineg bis guer keng Aktivitéit hunn, an déi an engem Land oder enger Juridictioun virun allem, wann net nëmmen, aus deem Grond etabléiert goufe fir vun de Gesetzer ze profitéieren. Dat kënne méi gënschteg Steiergesetzer sinn, e Gesetzeskader, deen et erméiglecht, sech hannert enger anonymer Societéit oder engem Trust ze verstoppen, asw.

Den Numm kënnt dohier, well s'eng Adress brauchen, fir sech z'etabléieren, déi aus net vill méi besteet wéi just enger Bréifkëscht un enger Dier.

Am Kader vun der Luxleaks-Affär an de Panama Papers gouf d'Roll vu Bréifkëschtefirmen ëmmer nees kritesch hannerfrot.