Bënner
E Bënner war eng landwirtschaftlech Maschinn, déi gebraucht gouf fir Fruucht eranzehuelen.
De Bënner gouf vum US-Amerikaner Charles Withington am Joer 1872 entwéckelt. En huet de Wee an Europa awer zimmlech spéit fonnt. Dat hat haaptsächlech als Ursaach, well en a groussen Deeler vun Europa net sou wichteg war, well et keng sou grouss Fläche fir ze méie gouf wéi an Amerika, well d'Bauerebetriber méi kleng waren, Felder méi opgespléckt, an d'Landwirtschaft déizäit méi op Véizuucht a Mëllechwirtschaft ausgeriicht war wéi op reng Käreproduktioun. Dozou koum, datt et an an de klenge Bauerebetriber un der néideger Mënz gefeelt huet fir Maschinnen ze kafen. Beim Opkomme vum Méidrescher Enn der 50er Joren ass de Bënner zimmlech séier aus de Betriber verschwonnen.
De Bënner huet op der Méimaschinn baséiert. En hat grad sou Méibalke wéi déi. Hanner dem Méibalke war e breet Transportband montéiert, dat aus graffem Duch (Canevas) gemaach war, op dat déi geschnidde Fruucht gefall ass, an domat weidertransportéiert gouf bis bei de Knëppsystem, wou se a Gaarwe gebonne gouf an da vun do aus erëm op d'Feld fale gelooss gouf.
Op de sougenannten Dicher, waren de queesche Wee dënn Late festgemaach, fir datt d'Fruucht um Wee bei de Knëppsystem, dee méi héich ubruecht war, net konnt zeréckrutschen.
Fir datt d'Fruucht gutt op d'Dicher sollt falen, war iwwer dem Méibalken en Haaspel montéiert, deen d'Fruucht an d'Maschinn era gezunn huet.
D'Bënnere goufen am Ufank mat Päerd gezunn a méi spéit dann och vun Trakteren. Déi ganz Mechanik gouf iwwer en Zännrad ugedriwwen, dat op engem vun de Rieder vum Bënner montéiert war.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bënner – Biller, Videoen oder Audiodateien |