Sen to Chihiro no Kamikakushi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Chihiro)

Sen to Chihiro no Kamikakushi (Kanji/Katakana: 千と千尋の神隠し / せんとちひろのかみかくし), den offiziellen engleschen Numm: Spirited Away, ass en Anime-Film vum Hayao Miyazaki vu Studio Ghibli.

En handelt ëm en ongeféier 10 Joer aalt Meedchen, d'Chihiro, dat (sou wéi d'Alice vun Alice in Wonderland) an eng Mäerchewelt geréit. Nodeem et sech, duerch déi Epreuven déi et do besteet, weiderentwéckelt huet, fënnt et de Wee an d'Realitéit zeréck.

De Film ass geduecht fir symbolesch den Iwwergang vun der Kandheet an d'Jugend ze behandelen.