Derby (England)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Derby, England)
Derby
Land : Vereenegt Kinnekräich
Landdeel : England
Regioun : East Midlands
Distrikt : Derby
Unitary authority : Derby
Zeremoniell Grofschaft : Derbyshire
Fläch : 78,03 km²
Awunner : 248.700 (2011)
Koordinaten : 52° 55’ 19.2’’ N
      01° 28’ 33’’ W

Derby ass eng Stad an eng Unitary authority am Derbyshire am Zentrum vun England. Si läit um River Derwent am Süde vum Derbyshire. Derby krut 1977 Stad-Status. 2011 hunn do ëm déi 248.700 Leit gelieft.

D'Stad ass vun de Réimer, de Sachsen an de Wikinger bewunnt ginn. Ursprégnlech war se eng Handelsstad, déi an wärend der Industrialiséierung vun England séier gewuess ass. Si gëllt als eng vun de Gebuertsplaze vun der industrieller Revolutioun. Am 19. Joerhonnert huet sech d'Uertschaft dunn zu engem Zentrum vun der brittescher Eisebunnsindustrie entwéckelt. Och haut nach ass Derby bekannt fir seng Produktioun am Transportberäich an zu de gréisste Patronen ziele Rolls-Royce an Toyota.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Derby – Biller, Videoen oder Audiodateien