Diskussioun:Kuelpabeier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Fuschpabeier)

Moien,

Ass "Fuschpabeier" net éischter hallefduersiichtege Pabeier, wou een dat nozeechen kann, wat een drënner derduerch gesäit?? --Zinneke 14:14, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Mer soen am algemengen Fuschpabéier fir déi zwéin deemno fir de Kuel- oder Karbonpabéier, an den duerchsiichtegen deen och Calquepabéier genannt gëtt, well e fir gefuschten Zeechnunge gebraucht gëtt, oder fir Reproduktioune vu Pläng, déi sou kënnen iwwerenee geluecht ginn fir séier Ënnerscheeder erauszefannen, zb: fir bei verschidden Niveauen erauszefannen op d'Grondelementer iwwereneestëmmen. Les Meloures 14:29, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Pelikan nennt dat eent Kohlepapier an dat anert Durchschreibpapier ( http://www.pelikan.com/pulse/Pulsar/de_DE.Store.displayStore.25911./durchschreibpapier-handifilm-205 ). Déi hunn et och net einfach. Eist Wierderbuch kennt kee Kuel(e)pabeier. Deemno: Rëm net esou einfach. --Cornischong 14:35, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Hei fënnt een den duerchsiichtegen http://www.geant-beaux-arts.fr/papier-calque.html

Les Meloures 14:44, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien
De Calque-Pabeier gouf an éischter Stell vun Architekten a Maschinnebaukonstrukteure gebraucht fir Plangen ze zeechnen. Hei gouf mat Tusch geschafft. Bei Feelere konnt een déi mat engem Radéiermesser ausradéieren a frësch zeechnen. De Calque gouf dann op liichtempfindleche Pabeier geluet a beliicht. Dëse Pabeier gouf am Ammoniak entwéckelt an et ass esou eng Kopie entstanen. Dës Prozedur hat de Virdeel dass ee nodréiglech zu jidder Zäit Korrekturen um Original konnt maachen. Ech wees net op dee System haut nach gebraucht gëtt. Ech mengen dass Computere mat CAD-Software och dëse Beräich iwwerholl hunn.
--Pecalux 16:03, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Ech hu bei de Spezialisten aus dem Rayon Papeterie vun engem Fachgeschäft am Minett nogefrot: "Fuschpabeier" kann effektiv déi zou Bedeitungen hunn. Dat Bescht wier deemno en Disambig op engersäits Kuel- (oder Karbon)pabeier, anerersäits op Calque- oder Kallekpabeier. --16:14, 10. Dez. 2008 (UTC)~


Lues, lues. Dat mam Kallekpabeier kléngt zwar ganz geckeg originell, mee mat kallek huet et, wéi et schéngt, net vill ze dinn. Et kënnt mer vir, wéi wa mer besser hunn, dat ganz Gefuschs an een eenzegen Artikel ze spären, deen agedeelt ass. En Artikel, dee Kuelpabeier heescht gëtt engem d'Gefill, dora wiere fréier d'Kuelen agepaakt ginn. Deen eenzegen Numm, deen am Ländchen eng Existenz opgebaut hat, war de Fuschpabeier. --Cornischong 16:27, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Nach eppes hannendrun: Fir de Superspezialpabeier fir d'Architekte kënne mer, wann et muss sinn, en eegenen Artikel zwaffen. Dovu kennen ech nix, an dofir halen ech mech do eraus. --Cornischong 16:31, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]