Diskussioun:Gouschteng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Gouschtengen)

Gouschtengen / Gouschteng[Quelltext änneren]

Bis den Expert nees hei ass, huele mer mol "Gouschtengen". --Cornischong 20:08, 24 Januar 2006 (UTC)

Ech hunn elo mol gelies, wéi dat sou geet. De Josy Braun, op dee mer eis fir d'Uertschaftsnimm baséiert hunn, schreift "Gouschtengen". Lo daucht eng IP op, déi Gouschteng schreift (ouni irgendee Kommentar unzeginn), an solle mär doropshinn alles op d'Kopp geheien!?? Wou solle mer dann domat landen? --Cornischong 20:30, 24 Januar 2006 (UTC)

Gouschteng schéngt mer aus dem Bauch eraus richteg, mee dier wësst jo wéi ët mat mengem Bauch ass ;-)) Myriam 22:08, 24 Januar 2006 (UTC)

Ech hun emol kuurz de Google beméit an do eng ganz Reih Artikelen an Säiten fonnt wou "Gouschteng" steet fonnt, während zumindest de Google ausser der Wikipedia keng Internetsäit fonn huet wou "Gouschtengen" dra steet fonn huet. An ech selwer hun "Gouschtengen" och nach nie héieren. --Robby 22:26, 24 Januar 2006 (UTC)

Huele mer mol dat Beispill "Steinsel" am Guggel: "Stesel": 862 Mol a fir "Steesel": 998 Mol. Wat wëll eis de Guggel domat soen? Huele mer d'Uertschaftsschëlder virun der Uertschaft "Steinsel"; do steet Stesel drop. Wat wëll d'Gemeng eis domat soen? Wann ee vum Bridel kënnt steet e Schëld do mat "Stesel". Wann ee sech dat Schëld vun no ukuckt, mierkt een, datt den Accent iwwer dem "e" nach e bëssen ze gesinn ass. Do stoung also "Stésel" drop. Wat wëll eis dat Schëld soen? Mat datt virun enger gudder Zäit de Laut "é" mat engem "é" geschriwwe gouf, mee an der "offizieller" Schreifweis "ee". A wa mer op d'Uertschaftsschëlder vun den Nopeschuertschafte vu Steesel kucken, da gesi mer, datt do "Mëllerëf" an "Heeschdrëf" dropsteet. (Dat Beispill Steesel sinn ech mer selwer ukucke gaangen!) Op Féiz an op Wolz sinn ech och gefuer, fir mech selwer z'iwwerzeegen!! Dozou hunn ech x-Mol doutiwwerzeegte Leit hei matkritt, déi bei all Geleeëheet mer konfirméiert hunn, datt op den Uertschaftsschëlder Woltz a Féitz steet. Iwwer der Uertschaftnimmslëscht steet kloer an däitlech wou mer déi Nimm hier hunn!!! Nach ee Wuert: Ech hunn déi Nimm hei net erfonnt!! Firwat freet da keen um "Institut Grand-Ducal, Section des Arts et des Lettres no"???? --Cornischong 00:14, 25 Januar 2006 (UTC)

De Josy Braun, op dee mer eis fir d'Uertschaftsnimm baséiert hunn, schreift "Gouschtengen", also fir mech ass et Gouschtengen a färdeg.~Mir këenen net erem déi al Diskussiounen ufänken. Johnny Chicago 23:56, 24 Januar 2006 (UTC)

Ech hun mir d'Méih gemaach an d'Wuert mam Cortina (projet Cortina vum CRP-Gabriel Lippmann http://www.crpgl.lu/cortina/Demonstrateurs/TextSpellHTMLERt/SpellCheckerFormHTMLLU.html ) probéiert an och do gëtt et dat Wuert Gouschtengen nët während Gouschteng do als richteg ugewise gëtt.

De Fait eleng datt eppes schons diskutéiert gouf kann eleng keen Argument dofir sin datt dat dofir ëmmer eng absolut Wourecht muss sinn oder? --Robby 00:18, 25 Januar 2006 (UTC)


No de Schluechten ëm "Wormer", "Wuermer" oder "Wuermeldeng", déi hei gefouert goufen, hate mer eis gëeenegt, fir dem d'Nimm aus dem Josy Braun sengem Buch ze huelen. An dat aus deem einfache Grond, datt mer eis Energie net weider verjuppele sollen. Ech diskutéieren och gär, mee wann all Dag e puer Leit sech hei ëm dem Keeser säin Uertschaftsnumm zerbalegen, gëtt näischt méi gemaach. Dat ass meng eenzeg Iwwerleeung. Virdru gouf argumentéiert, datt Guggel der souanesouvill hätt; ech war der Meenung déi Guggel-"Statistik", déi gär an der däitscher Wiki als Argument gehol gëtt, ad absurdum gefouert ze hunn (mat Steesel). Ech liesen hei en anert Argument "dat hunn ech awer nach net héieren"; wat soll echdozou soen. Datt mär eis amuséieren mat enger "Sprooch", déi "de Chemiker" schreift aawer "d'Chimie" ass schonns ee Nol fir d'Lued.
U wat wëlle mer eis dann elo halen? Un dat wat mer am meeschten héieren hunn? Un dat wat dem Noper säin Dackel seet? Un dat wat een zu Wëlwerwolz an engem Bistro héieren huet? Un dat wat op de Stroosseschëlder steet? Oder awer léiwer un dat, wat dem Myriam säi Bauch eis verréit? Oder maache mer bei all Wuert eng Ofstëmmung? Ech loosse mech gär beroden. (An dat alles op dem Otets senger Terrass.) --Cornischong 00:58, 25 Januar 2006 (UTC)

Salut, ech sin dei IP, dei aus Gouschtengen, Gouschteng gemaat huet. Daat ass duerchaus net aus dem "Bauch eraus" geschitt! Ech kennen dei Uertschaft (Heemechtsduerf) e bessi besser. Och wann et als Gouschtengen an deem Buch do steet, dann haalen ech daat definitiv fir falsch. Ech kann hei e puer Beispiller nennen, wou Gouschteng (och ofiziell gebraucht gin ass). zB: am Telefonsbuch, ob dem Scheld wann een ob Gouschteng fiirt, an dann an diversen Bicher an Broschuren, dei d'Verainer am laaf vun den Joeren erausgin hun. Dei Diskusioun ass bei weitem net esou lächerlech, wei se hei duergestallt get. Et ass kloer, dass een net ob dei Saachen lauschteren soll, dei am Bistro diskuteirt gin, mee fir einfach stur ze soen, an deem Buch Steet daat esou, dann fannen ech daat relativ kuerzsichteg. Daat hei soll eng oppen Plattform sin, an dofir ass et menger Meenung no net richteg et esou lächerlech ze maachen. Wei wann dann hei naischt mei laafen geif, wann jiddfereen sech nemmen em Uertschaftsnimm bekemmert. Ech wollt een Fehler ausbesseren, mee wann daat esou negativ ugesin ass, dann wärt ech daat an Zukunft loosen, fir iwwerflesseg Diskusiounen ze vermeiden, an d'Leit net vun hierer mei wichteger Aarbecht oofzehaalen. (vun der IP 62.178.212.159 den 31. Januar 2006)

Et ass absolut net negativ ugesi fir Feeler ze verbesseren, au contraire. D'Fro déi sech hei stellt ass awer: ass et e Feeler oder ass et keen? Déi eenzeg offiziell Quell ass de Memorial B - No 68 vum 16. November 1976 - deen ass awer nach virun der Schreifweisreform geschriwwen an et muss een dowéinst och d'Neiregelung vum Mémorial A - No 112 vum 11 August 1999 an déi aktuell Recommandatioune vum Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise do drop applizéieren. D'Telefonsbuch misst sech eigentlech un déi offiziell Versioun halen, mee well déi vun Editus Harie sinn déi sech net op de Memorial B 68/1976 baséieren mee op d'Héieresoe ginn hu se sech an deem Punkt selwer disqualifizéiert. A wat an diverse Bicher a Broschure steet ass sécher richteg, mee just am Lokaldialekt. Mär sichen hei awer den offiziellen Numm am Koinè an net am Lokaldialekt. Dat läit net dru well mer géife mengen datt de Koinè "besser" oder méi "richteg" wier wéi iergend e Lokaldialekt, mee well mer au contraire kengem Dialekt de Virrang ginn an dës Enzyklopedie komplett am Konsens-Koinè halen. Dofir ass an dëser Enzyklopedie den Numm vun all Uertschaftsartikel am Koinè gehalen an am Artikel selwer ka jidderee bäiflécke wéi d'Uertschaft an der Uertschaft selwer genannt gëtt: "Veianen, fir d'Awunner Veinen, ass eng...", "Keel, fir d'Awunner Käl, ass eng...", "Gouschtengen, oder wéi d'Awunner soen: Gouschteng, ...". An der de-wiki heescht hiren Artikel jo och "Köln" an net "Kölle", obwuel d'Awunner esou soen a Recht hunn esou ze soen - béid si se richteg, et muss ee just kucke wou ee wéi eng Form gebraucht. --Otets 11:58, 31 Januar 2006 (UTC)

Iwwer eis Schreifweis, an zwar déi "offiziell", net déi aus dem Telefonsbuch[Quelltext änneren]

Dee gréisste Problem, dee mer hei (an ech si vun Ufank u mat derbäi) hunn, sinn d'Uertschaftsnimm op Lëtzebuergesch. Vun Ufank un hunn ech mech beméit, fir eng Schreifweis, déi kloer ass! Ech hu mech mat jidderengem (!!!) deen hei am Land eng Roll spillt an der Sproocheproblematik a Kontakt gesat, fir datt mer sollen eng Upak hunn, fir dat geschriwwent (!!!!) Lëtzebuergescht an de Grëff ze kréien.
Op d'Uertschaftsschëlder sinn ech agaangen (ech si se souguer fotograféiere gaangen!). Ech hu mech mat enger sellege Gemengesekretär(inn)en ënenrhalen iwwer den "offiziellen" Numm vun hirer Uertschaft!
"Ech kann hei e puer Beispiller nennen, wou Gouschteng (och ofiziell gebraucht gin ass)":

  • am Telefonsbuch: Dat lëtzebuergescht Telefonsbuch ass nun awer garantéiert keng Referenz fir d'Schreifweis vun de Uertschaftsnimm!!! An der éischter Editus-Editioun waren, an dat ass a ville Lieserbréiwer am Wort ernimmt ginn, Dosene vun "onméiglegen" Nimm dran! Mat offiziell huet d'Telefonsbuch näischt um Hutt, dat gëtt vun enger Privatfirma erausginn!
  • ob dem Scheld wann een ob Gouschteng fiirt: Déi Schëlder (an dat ass hei schonns x-Mol duerchgekant ginn) stounge schonns (zu engem gudden Deel) do virun der Schreifweisreform, an déi sinn NET g'ännert ginn.
  • "an diversen Bicher an Broschuren": Wann ech elo soen, datt an de Bicher a Brochuren egal wat steet, da kéint nach ee mengen, ech wier arrogant. Ech gi just ee Beispill un, dat fir eis hei ganz "aktuell" ass. Et geet ëm d'Elsy oder Elsi Jacobs: Dem Zangerlé sääi Buch heescht "Elsy Jacobs .." an d'Sporthal zu Garnech heescht "Elsi Jacobs" (kuckt d'Fotoen am Artikel!!).

"mee fir einfach stur ze soen, an deem Buch steet dat esou ...": Et geet hei drëms wéi de "Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise" (CPLL) sech drop g'eenegt huet. Eis OFFIZIELL Schreifweis ass am MEMORIAL ze liesen!!!! DAT ASS DAT OFFIZIELLT!!!
An nach ee Wuert zu eiser IP: Déi ganz Wikipedia ass eng "oppen Plattform"!!! Ech verdroe just net, datt no laaaaagen Diskussiounen een hei eppes ännert "ouni ee Wuert Kommentar". Lies déi zwou Editioune vum Memorial, informéier dech selwer um Institut Grand-Ducal, for de Josy Braun, de Lex Roth selwer! Mee w.e.g. komm kee mer mam Telefonsbuch als Dictionnaire!!

Eise Premier huet viru Joren an der Regierungserklärung gesot, mer hätten hei keng "Sträitkultur": Dat "war guer net sou domm". Hei gëtt et anscheinend nëmmen zwou Zorte Leit: Déi, déi sech informéieren an déi , déi de Beleidegte spillen. An dat ass schued. --Cornischong 11:29, 31 Januar 2006 (UTC)


A wou bleift dat Positivt?[Quelltext änneren]

Sou ganz niewebäi: Ausser der Aféierung steet am Artikel net een eenzegt Wuert. An dëser Diskussioun stinn der 1.603! Dat sinn der ongeféier souvill, wéi d'ganz Gemeng Awunner huet! --Cornischong 12:20, 31 Januar 2006 (UTC)


Artikel schreiwen[Quelltext änneren]

"Ganz niewebäi": Ech haat welles, fir deen Artikel ze schreiwen oder dozou eppes beizedroen. "D'Richtegstellung" hätt nemmen sollen een Ufank sinn. Et soll een jo mol kleng ufänken. Am Moment hun ech nach aner wichteg Saachen ze maachen, mee dono geet et lass. Et ass wirklech interessant ze gesin, wei schnell een atakeiert get, wou een et dach guer net schlecht gemengt huet! Amplaatz dass een eng Korrektur als konstuktiv Kritik ugesin soll, get een gleich als Iesel duergestallt, wou engem no diversen Komentaren eigentlech d'Loscht um ufänken vergoen kann. "Zwou Kategorien Leit" ass ganz schaarft formuleiert. Et ass net fair, fir d'Leit gleich esou anzestufen, an als Idiot oder Beleidegten duerzestellen. Ech sin net beleidegt. Ech sin nemmen iwwert deen Wirbel erstaunt, deen ech do fabrizeiert hun. Daat ass jo een gelongenen Start bei Wikipedia fir mech! --62.178.212.159

Naja, du konns u sech jo net wëssen, datt mer genee déiselwescht Diskussioun schonn eng 3-4 mol en long et en large duerchgeknat haten - dofir déi akut a spontan Asthmakrisen déi verschiddener gemeet hu wéi se gesinn hunn datt nees ee mat deem méi wéi ausdiskutéierten Thema koum. U sech sollte mer de Konsens an eis FAQ setzen, fir an Zukunft dee ganze Wirbel z'evitéiren, do hues de scho Recht. Mee vun eiser Säit ass keen nodroend an et freet mech ze liesen datt s och du net beleidegt bass. An deem Sënn: op eng gutt Zesummenoarbecht, grouss Loscht fir unzefänken a vill gutt Kontributiounen. --Otets 17:09, 1 Februar 2006 (UTC)

Nom Wirbel[Quelltext änneren]

Jo, et ass net fair fir engem deen hei eraluusst, en Eemer iwwer de Kapp ze schëdden, mat Allem, wat sech an de leschte Méint bei den Uertschaftsnimm ugesammelt hat. Ech rechnen der et ganz héich un, fir et net opzegi mat sou Rabbelkäpp wéi ech heiansdo ee sinn. Bis no den "anere wichtege Saachen" --Cornischong 18:05, 1 Februar 2006 (UTC)

Moien

Sou, elo hun ech mir een Konto gemaat an schon e bessi um Artikel geschriwwen. Leider hun ech ob der Tastatur keng zwee Punkten fir ob "E"-en ze setzen! Wann ech do dei naichst Deeg weiderschreiwen, wier et gudd, wann daat keint verbessert gin!

Bis dann --Bellis_perennis 22:17, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Ma dat ass gutt. De Problem mam Treema um "e" ass net schlëmm. Ech weess zwar net, ëm wat fir eng Tastatur et geet, mee dat geet awer: Einfach den "Alt" Knäppche gedréckt halen an dann "137" antippen, da kriss de den "ë". A fir z' "ënnerschreiwen" op den Diskussiounssäiten (wéi déi hei) einfach zwee "-"andann direkt hannendrun véier Tilden ("~"), da steet den Numm do mam Datum. --Cornischong 23:01, 12 Mäerz 2006 (UTC)


Gudde moien
Sou läit am Norden den Härebierg, am Westen de Spreetbierg an d'Lous.
Geet mäi Kompass falsch Les Meloures 12:16, 22 Februar 2007 (UTC)

An engem Duerf mat enger Kierch ouni Paart halen ech alles fir méiglech. --Cornischong 12:34, 22 Februar 2007 (UTC)

D'Kierchepaart an den Numm[Quelltext änneren]

Dach, dach, d'Kierch huet effektiv eng Paart. A souguer bannendran en Altor an nach Saachen. A fir déi aner Kou vun de Schinnen ze kréien: D'Awunner soen Gouschteng oder Gouschtengen. Sou einfach ass et! Wie mer dat sot? Ma ech hu mat enger Partie Leit aus der Uertschaft geschwat, dorënner der genuch, déi vun do sinn. Komm kee mer méi mat Geschichten!! --Cornischong 18:00, 22 Februar 2007 (UTC)