Diskussioun:Uewermaartel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Uewermaarteleng)

Salut Cornischong

den Artikel Jangeli ass net iwwerzeegend, duerch dee Link kéint jo awer emol een, dee méi wéisst iwwert all déi Jangelien, op d'Iddi kommen eppes an den Artikel Jangeli ze schreiwen. An een dee näischt vun de Jangelie weess kann duerch de Link och alt e besse méi gescheit ginn.

Denk och un déi Kleng an déi Blutaarm déi net alles wëssen. Léiwer ee Link zevill ewéi zwéi net genuch.

Johnny Chicago 23:24, 2 August 2006 (UTC)

@cornichon: seet en net ""se léisst sech zeréckdateiren"", amplaz vun "lisst sech"? Gloooooo 21:52, 12 August 2006 (UTC)

dach, do war mer eng Tast entwutscht. --Cornischong 22:01, 12 August 2006 (UTC)

wéi setzt en an der letzebuercher wikipedia d'koordinaten an? Koordinate Text Artikel|49_49_26_N_5_44_55_E_type:landmark(120000)_region:LU|49° 49' 26 n. Br., 5° 44' 55 e. L. Gloooooo 12:11, 23 August 2006 (UTC)

eCH HU SE BIS ELO EINFACH ËNNER gEOGRAPHIE GESAT. aN E sAZ AN DER fORM "5° 10' 34" nërdlech". --Cornischong 12:18, 23 August 2006 (UTC)

Kannst de mer w.e.g. erkleren, wirwat hei bal alles gelscht gin as? D'Grouven stoungen kloer enner schiferindustrie, dat ass dat ennsecht wichtegt do, oder zielen déi zwee Heiser méi wéi d'Grouf? wou soll dat dann sos hinkommen? oder mechs de fir 2 heisercher en egenen artikel? Gloooooo 12:16, 24 August 2006 (UTC)

Hei ass guer näischt geläscht ginn! Hei ass den Text iwwer d'Leeëgrouwen erausgeholl ginn (an dat steet och ganz kloer als Libellé den 23.8. géint 23.36) fir datt d'Leeëgrouwen en eegenen Artikel kënne kréien, well et en eegestännegt Thema ass Leeëgrouwen zu Lëtzebuerg. "oder zielen déi zwee Heiser méi wéi d'Grouf?" - Ech verstinn net wat déi Komentaren do sollen. A wa mer schonns bei de Froe sinn: Firwat kucks de der net emol den Artikel iwwer eis Schreifweis un? Am Lëtzebuergesche ginn d'Substantive GROUSS geschriwwen!!! An deen éischte Buschtaf am Saz gëtt och grouss geschriwwen. Kanns de mer w.e.g. mol erklären, wéi et ass datt s de dat kleng schreifs? Ech ginn dervun aus, datt keen eng besonnesch Freed dobäi huet, fir all Dag déi selwecht Feeler ze verbesseren. "oder mechs de fir 2 heisercher en egenen artikel": Kann et sinn, datt ech do e sarkasteschen Ënnertoun erausliesen? Kann et sinn, datt déi ganz Show hei ënner enger Tarnkap leeft? A "sos" kritt och zwéin "s", well "soss" heescht et eppes anescht. --Cornischong 12:41, 24 August 2006 (UTC)
Am Artikel Uewermarteleng soll d'Uertschaft beschriww ginn an nit d'Indurtre déi do ass, daat mache mer bei aaneren Uertschaften jop och nit Les Meloures 13:30, 24 August 2006 (UTC)
Ok, hun verstanen wou dat lo kennt, sorry. En Hinweiss bleiwt aver bei der Uertschaft? Gloooooo 13:39, 24 August 2006 (UTC)

Ech gi kucken op de Link existéeiert wann nit setzen ech en dran Les Meloures 13:50, 24 August 2006 (UTC)