Drafi Deutscher
Ausgesinn
Drafi Deutscher | |
---|---|
Gebuertsnumm | Drafi Richard Franz Deutscher |
Pseudonym | Renate Vaplus, Kurt Gebegern |
Gebuer |
9. Mee 1946 Berlin |
Gestuerwen |
9. Juni 2006 Frankfurt am Main |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Komponist, Sänger, Lidderschreiwer, Museksproduzent, Discographesche Kënschtler, Schauspiller |
Partei | Sozialdemokratische Partei Deutschlands |
Den Drafi Franz Richard Deutscher, gebuer den 9. Mee 1946 zu Berlin, a gestuerwen den 9. Juni 2006 zu Frankfurt am Main, war en Däitsche Sänger, Komponist a Museksproduzent.
Hien ass virun allem bekannt fir säi Schlager Marmor, Stein und Eisen bricht, mat deem en 1965 e risegen Hit hat.
An den 1970er Joren huet hien ënner op d'mannst 40 verschiddene Pseudonymme Lidder geschriwwen oder opgeholl. Dorënner si Stécker wéi Be my boogie woogie baby (als Mr. Walkie Talkie, 1977), Mama Leone (1978, gesonge vum Bino), Guardian angel (ënner dem Numm Masquerade, dat op däitsch als Jenseits von Eden, gesonge vum Nino de Angelo, bekannt gouf. Fir Boney M huet hien d'Lidd Belfast geschriwwen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Drafi Deutscher – Biller, Videoen oder Audiodateien |