Eethik

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ethik)
Dëse Philosophiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Eethik ass ee vun deene groussen Deelgebidder vun der Philosophie a befaasst sech mat der Moral, haaptsächlech wat hir Begrënnbarkeet ubelaangt. D'Eethik - an d'Disziplinnen, déi vun hir ofgeleet sinn, z. B. Rechts-, Staats- a Sozialphilosophie - gëtt och als „praktesch Philosophie“ bezeechent, well se sech mam mënschlechen Handele befaasst (am Géigesaz zu der „theoreetescher Philosophie“, zu deenen d'Logik, d'Erkenntnistheorie an d'Metaphysik als klassesch Disziplinne gezielt ginn).

De Begrëff „Eethik“ kënnt vum algriicheschen ἠθική (ἐπιστήμη) ēthikē (epistēmē) „d'sittlecht (Verständnes)“, wat sengersäits vun ἦθος ēthos „Charakter“ kënnt. Den Cicero huet als éischten êthikê mat dem sengerzäit neie Begrëff philosophia moralis iwwersat, deen zanterhier an der laténgeschsproocheger Philosophie benotzt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]