Fichier Diskussioun:Affranchissement Lucien Wercollier.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Wierk däerf net fir kommerziell Zwecker benotzt ginn. A sou, dat ass jo ganz intressant; dann huet déi Foto jo an enger Wikipedia guer näischt verluer. --Benotzer:Här Gott mat der décker Zéif

Um Stamminet kanns de noliesen, dass dat e villdiskutéiert Thema ass. Viru Kuerzem gouf virgeschloen, dës Lizenz net méi ze erméiglechen. Bei de Biller, déi virudrun ënnert deer Lizenz eropgeluede goufen, gëtt no Léisunge gesicht. Déi Einfachst wier, jidder Mataarvbechter giff seng Lizenz of eng "fräi" ëmmänneren. Mee d'Welt ass net an engem Dag geschafe ginn.
--Zinneke 09:49, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]
Wann ët bei Wikipedia net méiglech ass fir an der Lizenz vun der Foto "däerf net fir kommerziell Zwecker benotzt ginn" ze schreiwen, da muss ee menger Meenung no eng ganz Rei Fotoe mat Skulpture läschen. Et kann een dach net einfach d'Auteurerechter vum Kënschtler oder deem sengen Iewe mat Féiss trëppelen an eng "fräi Lizenz" uginn.
Et ass natierlech méiglech dat mir elo e motivéierte Mataarbechter fannen, dee bei all eenzel Foto an dem Genre eng Recherche mecht wien d'Auteurerechter um Konschtwierk huet an da bei där Persoun (oder bei deene Persounen) e schrëftlechen Accord freet fir d'Foto vum Konschtwierk ënner "fräier Lizenz" ze publizéieren. Natierlech missten d'Dokumenter mam schrëftlechen Accord och esou archivéiert ginn, datt dës bei enger eventueller Reklamatioun kéinte présentéiert ginn.--Fliedermaus 10:42, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien
Den Här Gott mat der décker Zéif huet natierlech recht. Leider goufe vun Ufank un datt et d'lb:Wiki gëtt eng ronn 3.500 Biller, ouni Lizenz, mat falsche Lizenzen, oder mat der Bemierkung fir net kommerziell Zwecker, eropgelueden. An dat esouguer vun Administrateuren a Bürokraten, mech mat agerechent.
Do bleift vill Aarbecht ze maachen, beim Eraussënnere vun de Biller, a fir de Benotzer matzedeelen datt hiert Bild keng valabel Lizenz huet.
Jiddereen deen do en Hoer an der Zopp fënnt, kann dem Auteur vum Bild eng Mattdeelung iwwer déi falsch Lizenz maachen. Dat ass méi effikass, ewéi bei dem Bild e Kommentar ze maachen, an dat aus der einfacher Ursaach, datt wann een dem Auteur d'Matddeelung mécht, se him op senger Diskussiounssäit opfällt, wat net onbedéngt de Fall bei der Diskussioun vum Bild ass.
Vü datt d'Wikipedia jo am Prinzip den net kommerzielle Gebrauch net toleréiert, sollen an Zukunft keng Biller méi mat där Lizenz eropgeluede ginn.
Les Meloures 11:07, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]
Da stellt sech rëm d'Fro, ob een hei Fair use soll uginn oder wat fir eng Lizenz schloe d'Admine vir? --PlayMistyForMe 12:04, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Remoien,
En einfache Rot,
Wann der net sécher sitt datt der Foto eng fräi Lizenz kënnt ginn, da loosst d'Patten einfach dervunner ewech. Da spuert der iech d'Aarbecht, an et brauchen och hei keng Diskussiounssäite méi iwwer Biller gefëllt ze ginn.

Les Meloures 12:36, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hat ganz vergiess, dass dës Bild-Konscht-Architektur-Lizenz jo no mengem Artikel iwwert Niki de Saint-Phalle ageriicht gouf, da setzen ech all d'Biller vu Konschtwierker elo ënnert där Lizenz, oder schwätzt do eppes dogéint? --PlayMistyForMe 12:43, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]