Fichier Diskussioun:AleKino.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Fotoblabla feelt nach. --Cornischong 08:10, 10 Abr 2005 (UTC)

Do steet dach:

Ciné Kursaal (Ale Kino), Rëmeleng
  • Source: eege Foto

Wat soll ech soss nach derbäischreiwen? Datt d'Foto vun 2005 ass? --Otets 13:26, 10 Abr 2005 (UTC)

@Otets.Do muss nach d'Lizenz (ech hunn dat net erfonnt!!!) dohikommen, d.h, ob s de dat ënner "Public domain" oder ënner "GFDL" setzt. 't ass gutt, datt s de mech net frees wat ech dovun halen, mee, dat ass dat hellechst, wat et op der Wikipedia gëtt. An der däitschsproocheger zerbelgen se sech all Dag op Dosene Säiten. Kuck der mol déi Saachen hei un: d' [GNU Free Documentation License] an d' [Wikipedia:GFDL]. Ech hui bis elo kee Mënsch fonnt, dee mär dat konnt erklären, net an der däitschsproocheger an net hei. Wanns du et verstanen hues, so mer Bescheed. Merci am Viraus. --Cornischong 14:50, 10 Abr 2005 (UTC)

Ech sinn do elo just ganz séier eng Kéier driwwergeflunn an et ass dowéinst also gutt méiglech, datt ech verschidde Punkten, esouguer substantieller, iwwersinn hunn. Dofir ass et besser, sech dat ganzt selwer op d'Long ze zéien a meng Gedanken heizou net als effektiv Wourecht unzegesinn. A première vue gesäit et esou aus, wéi wann ee bäi Domaine public d'Recht hätt, sech géint Modificatiounen zur Wier ze setzen, déi géint d'Éier a Réputatioun ginn. Mee op originell Modifikatiounen kann de "Modifikator" selwer Droits d'auteur kréien. Ënnert GFDL schéngt d'Éier an d'Réputatioun vum Auteur net extra protégéiert ze sinn, do kéint ee sech héchstens un de Code civil halen. Mee originell Modifikatiounen ginn ni e Recht op d'Droits d'auteur, well déi och GFDL bleiwe mussen.

Eng kleng Remarque zu "Public domain": Ech géif dat d'Déier léiwer "Domaine public" nennen, well en originellt lëtzebuerger Wierk, dat ënnert den Domaine public fält, ass anescht protégéiert wéi dat en originellt franséischt oder nachméirikanenescht Wierk. Dat kënnt dohier, datt Domaine public just heescht, datt d'Droits patrimoniaux elo verfall sinn, mee d'Droits moraux (normalerweis) weider bestinn. A wat een ënnert Droits moraux ze verstoen huet, dat ass vu Land zu Land verschidden. Otets 18:38, 10 Abr 2005 (UTC)

Zënter enger gudder Zäit liesen ech, wat an der däischsproocheger zum Thema "Bilderrechte" ofgeet. Ech faassen et emol kuerz. Kee Mënsch huet en Hauch vun enger Iddi vun enger Ahnung wéi et eigentlech mat de Biller, Fotoen, Fotoe vun Fotoen, Scans vu Biller ass. Deen am haartst jäitzt kritt fir een Dag Recht, a mar geet et erëm weider. Kuck der dat emol eng Kéier un, dat geet op keng Kouhaut! An dann d'Fro a wéi ass dat hei am Ländchen? Dat wat ech bis elo héieren hunn ass zimmlech "villsäiteg". Nodeems ech mer d'GNU-Beschreiwung duerchgelies hat, hat ech es déck, well dat Ganzt kënnt mer als e komesche Bluff vir. Et huet sech awer nach kee (dat héiert sech "komesch" un) Gedanken doriwwer gemaach. Wann ech mär dat weiderdenken (besonnesch wéinst der Yahoo-Saach!!!) da kënnt et mär ganz, ganz, "komesch" vir. Honni soit qui mal y pense?!? --Cornischong 20:21, 10 Abr 2005 (UTC)

Wann ech op d'Auer kucken, da mengen ech net, datt ech mer nach déi preisesch Diskussiounen zu deem Thema undoe wëll. U sech ass et esou, datt wann s du Auteur vun enger origineller Foto bass (also eng ouni wäissen Himmel :)) dann huest du Droits d'auteur dorobber, déi sech an Droits patrimoniaux an Droits moraux opdeelen. Zu Lëtzebuerg kann s du mat deenen zwee méi oder wéineger maachen, wat s du wëlls, also och se un en anere weiderginn a festleeën, ënner watfir Konditiounen dat ze geschéien huet. Déi Konditioune kënnen och déi "komesch" vun der GFDL sinn, dat ass egal, du huest do ganz fräi Hand. Déi GFDL-Lizenz, dat ass u sech just e Standard-Text, du kéinst deen och ëmmodele wéi s du wëlls an en da Cornischong-Lizenz nennen, déi s de op Wikipedia verëffentlechs. Jiddereen, deen en Text wëllt reproduzéieren, modifizéieren, iwwersetzen etc., deen ënnert der GFDL Lizenz ass, dee muss sech un d'Konditioune vun deer Lizenz halen, oder d'Fangeren dovu loossen. D'Preisen hunn dee Problem, datt bäi hinnen anscheinend kee seng Rechter einfach esou ka komplett oftrieden. Well eist Recht awer eng Mëschung tëscht franséischem Protektionismus an nachméirikaneschem Liberalismus ass, geet grosso-modo alles (ausser d'Opginn vum Recht op Schutz vu senger Éier a Réputatioun).
Woumadder ech net esou gutt eens ginn, dat ass datt déi GFDL-Lizenz u sech op Texter zougeschnidden ass (initialement: Handbicher iwwert GPL-Software), an dowéinst net wierklech fir Biller gëeegent ass. Well wann ee seet, d'Saturatioun vun de Foarwe vun engem Bild, dat wier den Titel vun enger Onverännerbarer Sektioun an engem Text, naja... --Otets 21:13, 10 Abr 2005 (UTC)

D'GFDL ass jo menger Opfaassung no do, fir datt jiddfereen ännere kann, waat een anere geschriwwen huet. Bei de Biller ass et fir mech perséinlech ganz einfach sou datt wann ech se ënner GFDL setzen, da ka wéinst menger egal ween se huelen, d'Faarw änneren, en Deel erausschneiden...bref veränneren. Wann ech se ënner domaine public setzen, da ka jiddfereen daat Bild nach ëmmer huelen, mee net veränneren (sou krut ech et ganz am Ufank op der fr-wiki erklärt). Mam Fair Use ass usech sou eng Saach wou sech all Wikie streiden. Fait: daat gëtt et bei eis net. Fait: d'Serveren op deenen eis Wiki steet, stinn an den USA, wou et daat gëtt. Do stellt sech dann d'Fro inwiefern d'Wikipedia am ganzen ënnert amerikanescht Recht fällt. --Briséisβρισεισ 08:31, 12 Abr 2005 (UTC)

Prezioun: Wann een e Bild ënner "Domaine public" setzt, da ka jiddfereen dat Bild huelen a kopéieren, mee net esou veränneren, datt d'Éier oder d'Réputatioun vum Auteur ënnert deer Verännerung géif leiden (sou ass dat zu fr an och zu lb). E Beispill: Et ass verbueden, en originellt Bild als Hannergrond fir a Pornosfilm huelen (ausser den Auteur vun deem Bild wier elo och e groussen a bekannte Pornograph). Knëfflegt a kontroverst Beispill: E s/w Film koloréieren.
Egal wéi: wann een e Wierk, dat ënnert den "Domaine public" gefall ass, op eng originell Art a Weis verännert, dann huet dee Verännerungskënschtler eegen Droits d'auteur drop a kann all Weiderverbreedung an all Weiderverännerung vu senger Fassung ënnerbannen. Bäi GFDL ass en zwar och den Auteur vu senger Verännerung, mee en huet net déi voll Droits d'auteurs drop an deem Sënn datt e keng Weiderverbreedung a keng Weiderverännerung vu senger Fassung ënnerbanne kann, well och seng Fassung obligatoresch ënnert GFDL fält.
Fir de Rescht géif ech dozou tendéieren ze soen, datt d'lb-wiki ënnert lëtzebuergescht Recht fält, mee bon, éischtens hunn ech do elo net all Detailer vum Problem mat a Betruecht gezunn an zweetens ass dat d'Thema deelweis héich kontrovers, dofir ass mäin einfacht Gefill aus dem Bauch eraus ganz sécher net de Gringe Wak.
A fir elo all Mënsch definitiv onsënneg ze maachen: En Architekt huet u sech och Droits d'auteurs, d.h. wann een e Bild vun engem originellen Haus oder enger origineller Bréck wëll op d'wiki setzen, dann hätt ee vläicht besser als éischt den Architekt ëm Erlaabnis ze froen ;-)) --Otets 12:29, 12 Abr 2005 (UTC)

Ma, do hues de op eng grujelech Manéier Recht!! Op der däitscher hat een esou e Beispill. Wann ech et sollt erëmfannen, da kënns de der dovun eng Nues voll huelen. --Cornischong 12:45, 12 Abr 2005 (UTC) [1]