Fichier Diskussioun:Bundesarchiv Bild 101III-Weill-061-29, Luxemburg, Himmler mit Offizier der Waffen-SS.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wou d'Foto gemaach gouf[Quelltext änneren]

Dëst kréien ech lo just gemailt:
An der Strooss wou fréier d'Entrée vun de Kichen vum Hotel Brasseur an der Stad wor. Elo ass do eng Bréck déi vun der KBL op déi aner Säit feiert. D'Photo ass aus der Richtung Groussgaass geholl.
Also am ieweschten Deel vun der Aldringerstrooss. --Jwh 22:50, 3. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci! --Zinneke 22:58, 3. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


Ech kréien nach weider Präzisiounen:

dat muss ganz um Ufank kuerz nom 10. Mee 1940 opgeholl gi sinn, d'Schëlder sinn nach op franséisch an den Hotel heescht nach Hotel Brasseur (dono Hotel Brauer). Et ass op der Kräizung Aldrengerstrooss / Groussgaass, Bléck Richtung Norden (Park).
Schéin décapotabel Autoen, déi Leit hunn zwar nëmmen kuerz, dofir awer gutt gelieft...

D'Schëlder riets ginn als: "Comptoir du Cycle" virum "P. Gilbert", gelies.

Gutt dass et nach "Avant-Retter" Leit ginn! --Jwh 09:00, 4. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]