Fichier Diskussioun:Dall'AgnolC-1.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wa schonns, zu Recht, grousse Wäert op Billerlizenze geluecht gëtt, da wonnert et mech, datt dëst Bild guer keng huet. --Cornischong 11:52, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Déi eng wonnere sech, déi aner kontaktéieren den Eroplueder, fir dat ze rectifiéieren. --Zinneke 13:43, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

kontaktéieren hat e gesot[Quelltext änneren]

Déi eng mierken et emol net! Déi aner schreiwen e Spréchelchen op eng Dikussiounssäit vun engem, deen "net dacks" hei opdaucht. An zwar "Déi, déi de Fotograf er ginn huet, resp. wéi se bei der Source steet. Dës muss eng fräi Lizenz sinn: Bild-Lizenz-CC-by-sa oder GFDL zum Beispill. Wann d'Foto vun Iech ass, dierft der selwer eraussichen, wat fir eng dovunner der wëllt.": Vun Dosene vu Leit, déi ech "dobaussen" op eng Lizenz ugeschwat hunn, hat net een en Hauch vun enger Iddi vun enger Anung, ëm wat et iwwerhaapt goe kéint! Ech fannen et, mat "Verlaub", allerhand "weltfriem" , engem, dee sech net domat ofginn huet, ze soen "Wëlls de lo eng "CC-by-sa" oder léiwer eng "GFDL"? Ofgesinn dovun, datt déi "GFDL" iwwerhaapt näischt mat Biller ze dinn huet. Awer dat wëssen nëmme Leit, déi de kompletten Originaltext iwwerhaapt gelies hunn! Wat ech vun der GFDL halen, hunn ech schonns dacks genuch gesot a geschriwwen. Zënter Jore sinn ech op der Sich no engem, deen dee Kreemche verstanen huet, a mer dat kurz a kloer erkläre kann. Et huet sech nach kee gemellt. Wéi sot de Paul Erdös: "My brain is open".
Iwwregens: Fir déi Opgekläerten: Wikipedia Diskussion:Kandidaten für exzellente Bilder, ënner "GFDL-1.2 only" hei ( http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia_Diskussion:Kandidaten_für_exzellente_Bilder ) ze fannen. Wann een et sollt bekäppt hunn, merci, fir mär an der Welt dat kuerz z'erklären. --Cornischong 14:34, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Wann dat der weltfriem ass, da weess de jo bestëmmt, wéi een déi Fro anescht, méi kloer, an ouni kilobitelaang Exkursiounen iwwer Gott an d'Welt besser formuléiere kann. Ech si gespaant. --Zinneke 14:52, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]