Fichier Diskussioun:Moien a.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien (fir beim Thema ze bleiwen),[Quelltext änneren]

bei dësem neie Kenntnisstand stellt sech eng quokelesch Fro: Ass dat dräidimensionalt Wuert, dat ech viru Joren eng Kéier ofgeknipst hat, an dat hei op de sëllege Begréissungssäite gebraucht gëtt, e Konschtwierk (an d'Bild dervunner misst deemno ëmlizenzéiert an net méi fräi gebraucht ginn) oder just e "Schëld"? Ech géif virsichteg argumentéieren, datt dat zweet de Fall wier: no mengem Versteesdemech ass et net méi wéi e Schëld, dat eppes bestëmmtes ausseet, sou wéi "Aéroport de Luxembourg" um Fluchhafen, oder "Attention déviation" op engem Stroossepanno. Hei war et eebe "Moien" als Begréissung am Bréisseler Conseilsgebai... Deemno wier et ënner der Schëpgungshéicht-Grenz ("Moien" ass en Allerweltswuert, d'Schrëft ass eng "normal"). Wat mengt d'Vollek?

--Zinneke 12:59, 16. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Fir de Mudam ass et op jidde Fall e Konschtwierk aus senger Kollektioun: Link--Fliedermaus 13:47, 16. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Och Moien :-),
wéi d'Fliedermaus et weist, ass et e (minimalistescht) Konschtwierk, ganz einfach well et vu Kënschtler gemaach ass an déi et als ee vun hire Wierker féieren. Ech proposéieren d'Bild virleefeg emol als Fair Use-Bild a klenger Opléisung, sou wéi dat elo de Fall ass, ze halen, dat mat den Argumenter déi den Zinneke genannt huet. --Cayambe 14:23, 16. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Et deet mer leed, mä an deem Lizenzgedeessems blécken ech net richteg duerch a wëll dofir och zu dësem Konschtwierk kee Kommentar ofginn. Ech hunn trotzdeem eng Meenung: Mir kënnen och liewen ouni eng Foto vun dësem Konschtwierk op Wikipedia ze weisen an indirekt Reklamm fir d'Kënschtler ze maachen. Fir e neie Mataarbechter ze begréisse brauche mer keng esou Foto. --Pecalux 15:15, 16. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech weess net op dat Déngen esou e grousse kënschtleresche Wäert huet. Wa mer gären eng Photo mat Moien do stoen hätten sot einfach op menger Diskussiounssäit Bescheed, andeems der d'Photo ugëtt déi benotzt soll ginn. --Les Meloures 16:01, 16. Jan. 2012 (UTC).[äntweren]

Remoin, bon, loosse mer et emol ënner FU-3D-Lizenz (och wann ech wéi gesot, fannen, dat wier e bëssen 'over the top'.. --Zinneke 21:30, 16. Jan. 2012 (UTC).[äntweren]