Fichier Diskussioun:Ueswellerbaachschëld w 300.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Dat Bild géif dach gutt an en Artikel iwwer d'Renaturéierung vun der Baach passen. Op et elo no der enger oder aner Verwaltung op déi Plaz passt spillt keng Roll. Ech fannen, datt ee vu Fall zu Fall soll erklären, wéi eppes op der Plaz genannt gëtt, a wéi d'Verwaltungen d'Saach upaken. Dat wier déi eenzeg positiv Approche déi ech do gesinn. A mär brauchen ons dann net d'Mailer driwwer ze zerappen.

Ech loossen och gären engem d'Virfaart fir mat den Uertschaftsartikelen, an de Baachenartikelen duerzefueren. Et ass fir mech keng Existenzkonditioun. Ech ka gären engem dee sech dofir well asetzen d'Dokumenter déi ech vum Kadaster krut zoukommeloossen.

Les Meloures 01:34, 11. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Schlecht geschlof?[Quelltext änneren]

Lo verstinn ech awer de Bluttdrocksprobleem net. Ech gi laanscht d'Sauer trëppelen a gesinn ë.a. , datt net wäit ewech vun der aler Sauerbréck zwou Baachen an d'Sauer lafen. a wat interessant ass: Bei béide steet e Schëld mat hirem Numm drop. Well ech fir Baache mat deem Numm keen Artikel fannen, maachen ech drop opmierksam, datt ech vun deenen zwou Fotoen hunn. Doropshi kréien ech geschriwwen, datt do keng Ueswellerbaach an d'Sauer leeft. Fir mol ze weisen, datt ech net gedreemt hunn, lueden ech en Detail vum Bild "Ueswellerbaachschëld w 300" erop. Dorpshi fält hei een an d'Krämp mat Ausdréck wéi "A mär brauchen ons dann net d'Mailer driwwer ze zerappen." Hei zerrappt kee sech d'Maul; hei geet et drëms, datt ech Biller vun zwou Baachen hunn, an deem, dee sech mat Baachen ofgëtt, dat soen. Datt dat elo soll eng (oder keng) "Existenzkonditioun" sinn, kënnt mer net nëmmen e bësse wonnerlech vir. Hei brauch och kee Virfaart, fir mat eppes duerzefueren. Huet an dësem Fall ee schlecht geschlof? freet sech de --Cornischong 07:06, 11. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]