Op den Inhalt sprangen

Stëftung

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fondatioun)

Eng Stëftung oder Fondatioun ass eng Institutioun an e rechtlecht Mëttel am Intressi vun enger wierksamer Verméigensverwaltung am Sënn vun deem Zweck, deen de Stëfter fir eng Stëftung festgeluecht huet. An der Reegel geet et drëm, fir e Verméigen z'erhalen an den Ertrag dovu fir d'Realisatioun vu festgesaten Zwecker anzesetzen. Déi meescht Stëftunge verfollegen en Zil vun allgemengem Notzen.

Stëftunge kënnen ënner verschiddene juristesche Formen (privatrechtlech oder ëffentlech-rechtlech) a fir all legalen Zwecker gegrënnt ginn. Déi meescht Stëftunge gi privatrechtlech gegrënnt a verfollege karitativ Zwecker.

Stëftungen zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
Extrait aus dem Arrêté grand-ducal vum 23. Juni 1896, mat deem d'Fondatioun Auguste Mullendorff approuvéiert gouf

Den « Titre III – Des fondations » vum Gesetz vum 7. August 2023 definéiert de legale Kader (Rechtsstellung, Grënnung, Gestioun, Opléisung) vun de Stëftungen zu Lëtzebuerg; e konsolidéiert déi spezifesch Bestëmmunge fir Stëftungen a stellt en eegestännege juristesche Kader duer, deen ë. a. déi administrativ a finanziell Verantwortung kloer definéiert.

Mam Gesetz vun 2023 goufen och méi streng Reegelen agefouert wat d'Bezeechnung „Stëftung“, „Fondatioun“ oder änlech Bezeechnungen an anere Sproochen ugeet.

Grënnung a juristesch Perséinlechkeet

[änneren | Quelltext änneren]

All physesch oder moralesch Persoun kann, ënner Virbehalt vun der Approbatioun duerch e groussherzoglecht Reglement, hiert ganzt Verméigen oder en Deel dovun, onwidderrufflech fir d'Grënne vun enger Stëftung zur Verfügung stellen. D'Stëftung kritt eng juristesch Perséinlechkeet wann d'Konditiounen déi am Gesetz festgeluecht sinn, agehale ginn. Dozou zielt absënns:

D'Fondatioun kritt déi juristesch Perséinlechkeet eréischt nodeems hir Statute mat engem Arrêté grand-ducal unerkannt goufen.

Struktur an Organer

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz definéiert eng obligatoresch Organisatiounsstruktur fir all Fondatioun. D'Haaptorgan ass de Verwaltungsrot (Conseil d'administration), deen aus op d'mannst dräi Membere bestoe muss an deen de Pouvoir huet, all Handlungen ze maachen, déi néideg si fir den Zweck z'erfëllen, fir deen d'Fondatioun gegrënnt gouf.

Eng Fondatioun huet keng Memberen oder Associéen.

D'Gesetz gesäit vir, datt all Fondatioun eng Duebel Comptabilitéit féiert an datt de Joresofschloss grad ewéi de Budget fir dat nächst Geschäftsjoer vum Verwaltungsrot mussen approuvéiert ginn. Doriwwer eraus, muss de Joresofschloss vun engem Reviseur d'entreprise iwwerpréift ginn.

Ännerungen, Fusiounen an Opléisung

[änneren | Quelltext änneren]

All Ännerung vun de Statuten, eng Fusioun oder d'Opléisung vun der Fondatioun ka just op Basis vun engem Arrêté grand-ducal gemaach ginn. Dës Moossnam garantéiert, datt keng onkontrolléiert Verännerunge vum Zweck oder vun der juristescher Struktur vun der Stëftung virgeholl ginn.

Am Fall vun enger Liquidatioun muss d'Verméigen, dat iwwreg ass, enger oder méi anere Fondatiounen oder Associatioune vun allgemengem Notzen, enger Gemeng oder engem Établissement public iwwerlooss ginn, déi engem änlechen Zweck nogeet. Domat gëtt verhënnert, datt d'Mëttele fir privat oder kommerziell Zwecker agesat kënne ginn.Steierlech Virdeeler zu Lëtzebuerg

D'Stëftungen hunn de Statut vum allgemengen Notzen (statut d’utilité publique) esoubal hir Statute mat engem Arrêté grand-ducal approuvéiert goufen. D'Donen un d'Fondatioune kënnen ënnert de festgesate Bestëmmungen als Spezialausgabe vun de Steieren ofgesat ginn.

Bekannt lëtzebuergesch Stëftungen

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg waren am Oktober 2025 ronn 140 aktiv Fondatiounen am Handelsregëster agedroen[1]. Zu de bekanntste lëtzebuergesche Stëftunge gehéieren absënns:

Stëftungen an der Welt

[änneren | Quelltext änneren]

Déi weltwäit fënnef gréisst Fondatioune sinn hei drënner opgelëscht[2]:

Rang Organisatioun Land Siège Verméigen

(USD)

Grënnung
1 Novo Nordisk Foundation Dänemark Kopenhagen 167 Milliarden 1989
2 Tata Trusts Indien Mumbai > 100 Milliarden 1919
3 Gates Foundation  USA Seattle 50,2 Milliarden 2000
4 Wellcome Trust Vereenegt Kinnekräich London 42,8 Milliarden 1936
5 Stichting INGKA Foundation Holland Leiden 37,3 Milliarden 1982

De Wäert vum Verméigen ass eng ofgerënnt Schätzung, ëmgerechent an US-Dollar, a baséiert op dem Wiesselcours vum 31. Dezember 2024.

 Commons: Stëftung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Consultatioun op lbr.lu iwwer d'Sichfunktioun "G*" (G = Forme juridique: fondation)
  2. Quell vun der Tabell: List of wealthiest charitable foundations an der Versioun 28. September 2025, 05:26