Hawa Mahal
Land | Indien |
---|---|
Plaz | Jaipur |
Koordinaten | 26°55'26,4"N, 75°49'36,1"O |
Datum vum Bau | 1799 |
Opgaangen | 1799 |
Genannt no | Wand |
Den Hawa Mahal ("Palais vum Wand") zu Jaipur, am indesche Bundesstaat Rajasthan, ass e Gebai aus roudem a rosaem Sandsteen aus dem Joer 1799, dat fir den deemolege Maharadja Sawai Pratap Singh gebaut gouf.
Et ass kee Palais am eegentleche Sënn, ma éischter e Giewel mat 953 Fënsteren, Balkonen an Nichen, déi op 5 Stäck verdeelt sinn. Hannendru si keng Zëmmeren, ma just op all Stack e breede Gank, deen hannert dem Giewel leeft.
D'Gebai huet just engem Zweck gedéngt, nämlech fir et dem Maharadja sengen Haremsfraen z'erméiglechen, e Cortège, deen all Joers ofgehale gouf, ze kucken, a wat soss esou op der Strooss lass war, ouni datt si selwer vun der Strooss aus ze gesi waren.
Et ass un de Stadpalais vu Jaipur ugebaut.
Haut zielt en zu enger vun den Haaptattraktiounen an Indien.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Vue vum Stadpalais aus.
-
Intérieur.
-
Faarweg Fënsteren.
-
Detail vun der Strooss aus
-
Vue vun hannen op déi iewescht Stäck
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hawa Mahal – Biller, Videoen oder Audiodateien |