Herr Marx und die Rennhunde

Vu Wikipedia

Herr Marx oder Herr Marx und die Rennhunde (meescht als herr marx oder herr marx und die Rennhunde stiliséiert) war e lëtzebuergesche Museksprojet.

Projetsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Herr Marx ass de Sänger a Bassspiller Marc Bonert aus der Band Artis Dead.[1] Hien huet am Joer 2006 ugefaangen ënner deem Pseudonym Musek ze maachen. Zesumme mat engem anere lëtzebuergesche Songwriter, dem C.[2], huet e lëtzebuergesch Texter geschriwwen. Duerch de Gebrauch vu Power-Akkorde kléngen d'Lidder vum musikaleschen hier relativ einfach: géif een d'Lidder mat elektresche Gittare spillen, géif et sech sécherlech wéi ganz normale Punk unhéieren.

An den Texter gi banal an och méi eescht Theemen op eng dacks ironesch a sarkastesch Aart a Weis behandelt. D'Lidder hunn deels sozial-kritesch Texter (bei Eist Meedchen ass ee Model geet et ëm Magersucht a Schéinheetsidealer, Ni méi handelt net nëmmen iwwer Rassismus), deels sozial-politeschen Texter (Une fois le chômage à la façon luxembourgeoise), mä och iwwer déi üblech Theeme wéi d'Léift (Sëch gaeren hun ass saudomm) oder d'Liewen an eiser Gesellschaft (Ee soziale Staat) gi behandelt.

Bei Live-Optrëtter gouf den Herr Marx vu senge "Rennhënn" ënnerstëtzt, dorënner den Herr Calimero, dee live déi zweet Gittar gespillt huet an et dem Herr Marx erlaabt huet sech op d'Spille vun aneren Instrumenter, wéi der Melodika an dem Stëmmgerät, ze konzentréieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. mfgreview.wordpress.com: "“Mondfesselen” is the debut record of the luxembourgish musician Herr Marx, bass player, songwriter and singer of the stoner noise Band “ARTIS DEAD”."
  2. Säit op Myspace vum C.: myspace.com/pleasedontcomplain