Hexaedrit
Ausgesinn
Hexaedritten sinn eng Klass vun Néckeleisenmeteoritten, déi beim Uschlëff an Unäetzen eng reng parallel Linn opweisen. Dës Linne ginn Neumann-Linnen genannt. Hexaedritte bestinn bal nëmmen aus der néckelaarmer Eiselegierung Kamazit mat 5-6 % Néckel[1] Si weisen am Ënnerscheed zu den Oktaedritte keng Widmanstätten-Struktur.
Déi strukturell Ënnerdeelung vun Néckeleisemeteoritten an Hexaedritte, Oktaedritte an Ataxitte orientéiert sech un hirer Textur beim Uschlëff an Unäetzen an dem dominéierendem Mineral.
Etymologie
[änneren | Quelltext änneren]Den Nummbezitt sech op Hexaeder gläich Würfel, well sech dës Meteoritte laanscht de Fläche vun engem Würfel splécke loossen[2].