Kategorie Diskussioun:Mound (Trabant)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et gesäit aus, wéi wa mer hei 2x deeselweschten Artikel iwwert de Mound Titan, mat och nach zweemol genee deemselweschten Titel hätten. Wann en Admin dat emol kéint nokucken... --Otets 19:02, 5 Abr 2005 (UTC)

Resalut. An een hunn ech emol ënner "Entstéiung" "Art A" geschriwwen. Deen huet am Historique: Alexandra 19:51 (!); Otets 20:08 a Cornischong 21:45 . Mär kënnt et vir datt zwar um 19:50 ee mat "N" an den Ännerunge steet, mee dat kéint sinn datt de Server den Hick hat. Ech fanne keen aneren Artikel. Hale mer d'Aen emol op. --Cornischong 19:55, 5 Abr 2005 (UTC)

Do musse e Fehler am System gewiescht gesinn. Et gouf nämlech kee esou en Artikel vidrun a wéi ech ofgesavt hunn huet et net direkt geklappt, do hunn ech et nach eng Kéier gespeichert an dunn stung en 2 x do. Kinnt vlaicht een dat suppriméieren? --Alexandra 07:27, 6 Abr 2005 (UTC)


Kann ee mir soen wisou dës Kategorie "Mound (Trabant)" heescht a wisou net einfach "Mound" ? :-) --Briséisβρισεισ 22:49, 5 Abr 2005 (UTC)

Ech haat am Artikel Planéit (Tabell) de Mound ugeklikt an dunn ass en op Mound (Trabant) gangen. Dat war d'Ursach :-) Et kann een et awer och einfach a Mound ëmänneren. --Alexandra 07:27, 6 Abr 2005 (UTC)

Ech mengen, ech kéint et soen: Da hat, allem Uschäi no, ee gefaart, mer kéinten de Mound mam Mount verwiesselen, an huet do léiwer Trabant hannendru geschriwwen. Villäicht mellt de Schëllege sech nach. --Cornischong 08:30, 6 Abr 2005 (UTC)

De Schëllege steet am Historique. Mee dat ass jo egal, d'Haaptsaach wier, elo dës Kategorie op "Mound" ze réckelen, oder net? --Otets 10:29, 6 Abr 2005 (UTC)