Museksalbum

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Musekalbum)
Museksalbumen an CD-Format

E Museksalbum (oder einfach Album) ass eng Kollektioun vu Museksstécker déi zesummen an engem Audioformat meescht kommerziell verëffentlecht ginn. Déi verschidde Lidder hunn eng Relatioun andeem se zum Beispill vum selwechte Kënschtler kommen (Interpret, Museksgrupp, Komponist) oder zum selwechte Museksstil gehéieren.

Traditionell bestounge Museksalbumen aus enger oder méi LPen, déi an enger Kartongshousse waren, op där meeschtens, nieft dem Titel an dem oder den Interpret(en), och Informatiounen iwwer d'Musek oder d'Texter ze fanne waren. Déi Housse war dacks an engem kënschtleresche Layout. Mam Opkomme vun der CD, Mëtt vun den 1980er Joren, gouf dat Konzept op d'Verpakung vun den CDen iwwerdroen. Obwuel haut, bei Musek-Downloaden, d'Konzept vum Album u sech net méi vill Sënn mécht, well kee materielle Support méi gebraucht gëtt, hält et sech weiderhin zu engem groussen Deel bäi.