Hochschule für Musik Franz Liszt Weimar

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Musekshéichschoul Weimar)

D'Musekshéichschoul Franz Liszt (op Däitsch: Hochschule für Musik Franz Liszt Weimar) ass eng Héichschoul zu Weimar mat ronn 950 Studenten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi fir eng besonnesch Musekschoul zu Weimar hat schonn de Franz Liszt, deen tëscht 1843 an 1861 zu Weimar gewunnt huet. Eréischt am Joer 1872 gouf dunn ënner der Leedung vum Carl Müllerhartung déi éischt däitsch Orchesterschoul zu Weimar gegrënnt. Déi sollt virun allem eng gutt Ausbildung fir Orchestermuseker bidden. D'Orchesterschoul gouf dunn no an no méi grouss, andeems ëmmer weider Fächer ënnerriicht goufen. Eng Zäit laang gouf et och een Departement fir Theater, wat 1947 zougemaach gouf. Zanter 1959 ass d'Musekshéichschoul nom Franz Liszt benannt.

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

Fächer[änneren | Quelltext änneren]

D'Musekshéichschoul zu Weimar ass an dräi Fakultéiten ënnerdeelt.

Studéiere kann een do nieft all den Orchesterinstrumenter och ënner anerem Piano, Gittar, Gesang, Jazz, Musekspedagogik, Musekwëssenschaft, Direktioun, Kierchemusek oder Schoulmusek.

Gebailechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Déi verschidden Departementer sinn uechter ganz Weimar verdeelt:

D'Haaptgebai vun der Héichschoul ass d'Fürstenhaus um Platz der Demokratie. En anert Gebai, d'Hochschulzentrum am Horn, ass an enger renovéierter Kasär. D'Institut fir Schoul- a Kierchemusek ass an engem fréiere Franziskanerklouschter, dem Kolstergebäude am Palais ënnerbruecht, wou och schonn de Martin Luther soll gewunnt hunn.

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Hei hannendrun d'Lëscht vun de Rektere vun der Musekshéichschoul Weimar.

Zanter 2010 huet de Leeder vun der Héichschoul net méi den Titel vum Rekter mä vum President.

  • 1872 Carl Müllerhartung
  • 1902 Erich Wolf Degner
  • 1909 Waldemar von Baußnern
  • 1916 Bruno Hinze-Reinhold
  • 1934 Felix Oberborbeck
  • 1939 Paul Sixt
  • 1945 Walter Schulz
  • 1948 Ottmar Gerster
  • 1952 Willi Niggeling
  • 1955 Werner Felix
  • 1966 Johann Cilensek
  • 1972 Hans-Rudolf Jung
  • 1980 Diethelm Müller-Nilsson
  • 1990 Wolfgang Marggraf
  • 1993 Wolfram Huschke
  • 2001 Rolf-Dieter Arens
  • 2010 Christoph Stölzl

Concoursen[änneren | Quelltext änneren]

D'Musekshéichschoul Weimar organiséiert och eng Rei Concoursen, wéi de Louis Spohr Wettbewerb fir jonk Violonisten, den Internationalen Franz Liszt Wettbewerb fir jonk Pianisten, de Bach-Liszt Wettbewerb fir Uergel oder de Bundeswettbewerb Schulpraktisches Klavierspiel Grotrian-Steinweg fir schoulpraktesche Piano. Dëse Concours ass eenzegaarteg an Däitschland.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfram Huschke: Zukunft Musik. Eine Geschichte der Hochschule für Musik Franz Liszt Weimar. Böhlau, Weimar 2006, ISBN 3-412-30905-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]