Naruto (Manga)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Naruto)

Naruto, op Japanesch ナルト, ass eng Mangarei vum japanesche Mangaka Masashi Kishimoto, déi vun 1999 bis 2014 erauskoum an och als Animeserie produzéiert gouf. Et ass e Shonen-Manga an deem den Haaptpersonnage, den Naruto Uzumaki, e Weesekand ass, dat net weess, wie seng Eltere sinn. Hie lieft an enger komescher Welt, mat lauter Ninjaen. Den Naruto wëll vun den aneren unerkannt ginn, andeems hien en Hokage gëtt, dat heescht de wichtegsten Ninja a Chef vum Duerf.

Am November 1999 gouf Naruto fir d'éischt a Japan an der Zäitschrëft Shonen Jump verëffentlecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Konoha, d'Duerf wou den Naruto wunnt, gouf viru laanger Zäit vun engem risege Fuuss mat néng Schwänz ugegraff. Dëse Fuuss huet Kyubi geheescht an huet onbesiegbar geschéngt. All d'Leit vum Duerf hu géint hie gekämpft. Nëmmen de véierten Hokage huet et gepackt fir hien an de Kierper vun engem Jong anzespären. Dëse Jong war den Naruto Uzumaki. Den drëtten Hokage wollt datt jiddwereen den Naruto als hire Retter gär huet, mä den Naruto gëtt vum ganzen Duerf ausgestouss a kee wëll eppes mat him ze dinn hunn. Wéi en op d'Ninjaakademie geet, fënnt hie keng Frënn. Dofir wëll hie jiddwerengem beweise wat hie wäert ass, andeems hien Hokage gëtt. Hien huet awer keng Talenter a bréngt keng Ninjatechnik fäerdeg. An deenen Ninjatechnike geet et drëms, eng Kombinatioun vu Fangerzeechen ze maache fir eng iwwermënschlech Aktioun, wéi e Feierstral oder eppes an där Zort ze provozéieren. Déi Technike ginn duerch de Chakra reguléiert, d'Energie déi jiddwereen a sech huet. De Mizuki, e béise Professer, ass léif mam Naruto a seet him datt hie Schrëftrolle klaue soll, déi him hëllefe kéinten, méi staark ze ginn. Déi Schrëftrolle klaut den Naruto a leeft domat an de Bësch fir se ze studéieren. De Mizuki gëtt an deem Bësch ëmbruecht an den Naruto kritt den éischten Ninja-Grad: Genin. Hie kritt dat Ninjastirbändchen dat dozou passt. Hie kënnt an eng Ekipp mam Sasuke Uchiwa, engem talentéierten Ninja aus enger adleger Ninjasfamill, a mam Sakura Haruno, dem Naruto säi Schwaarm. Hire Sensei, dee se trainéiert, ass de Joonin Kakaschi Hatake, deen an den Ae vu villen Ninjaen e mysteriéisen a ganz staarken Ninja ass. No e puer Missiounen denkt de Kakashi, si wiere genuch ausgebilt fir de Chuunin-Test ze probéieren. Dee gëtt leider vum Orochimaru ënnerbrach. D'Duerf gëtt vum drëtten Hokage gerett, dee säi Liewen dofir gëtt. Den Naruto gëtt bal vum Itachi Uchiwa a vum Kisame Hoshigaki entfouert, mä de Jiraya rett den Naruto am leschten Ament a bitt him en Training un, wann en him hëlleft Tsunade erëmzefannen, déi den drëtten Hokage ersetze soll. Wéi den Naruto an d'Duerf erëmkënnt, wëll de Sasuke géint hie kämpfen, mä leeft schlussendlech fort, fir bei den Orochimaru ze goen, deen him versprécht aus him e staarken Ninja ze maachen.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

Haaptpersonnagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Team Kakashi/Team 7
Naruto Uzumaki
Sasuke Uchiha
Sakura Haruno
Kakashi Hatake

Niewepersonnagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sai
  • Yamamoto
  • Team Kurenai/Team 8
Hinata Hyuga
Kiba Inuzuka
Shino Aburame
Kurenai Yuhi
  • Team Gai/Team 9
Neji Hyuga
Rock Lee
Tenten
Mighty Gai
  • Team Asuma/Team 10
Shikamaru Nara
Choji Akimichi
Ino Yamanaka
Asuma Sarutobi
  • Akatsuki
Itachi Uchiha
Kisame Hoshigaki
Deidara
Sasori
Zetsu
Hidan
Kakuzu
Pain
Konan
Madara Uchiha
  • Taka
Sasuke Uchiha
Suigetsu Hozuki
Karin
Jugo
  • Otogakure
Orochimaru
Kabuto Yakushi
Kimimaro
déi 4 Schall-Ninja
Jirobo
Kidomaru
Sakon an Ukon
Tayuya

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

5 Grouss Shinobi Natiounen[änneren | Quelltext änneren]

An de 5 grousse Shinobi Natioune gëtt et jeeweils ee verstoppt Duerf, dat vun engem Kage (Schiet) geféiert gëtt.

  • Land vmu Waasser (水の国, Mizu no Kuni)
Duerf: Kirigakure (霧隠れの里, Kirigakure no Sato, lit. Duerf verstoppt am Niwwel)
Kage: Mizukage (水影, Waasserschiet)
  • Land vum Feier (火の国, Hi no Kuni)
Duerf: Konohagakure (木ノ葉隠れの里, Konohagakure no Sato, lit. Duerf verstoppt an de Blieder)
Kage: Hokage (火影, Feierschiet)
  • Land vum Wand (風の国, Kaze no Kuni)
Duerf: Sunagakure (砂隠れの里, Sunagakure no Sato, lit. Duerf verstoppt am Sand)
Kage: Kazekage (風影, Wandschiet)
  • Land vum Buedem (土の国, Tsuchi no Kuni)
Duerf: Iwagakure (岩隠れの里, Iwagakure no sato, lit. Duerf verstoppt an de Fielsen)
Kage: Tsuchikage (土影, Buedemschiet)
  • Land vum Blëtz (雷の国, Kaminari no Kuni)
Duerf: Kumogakure (雲隠れの里, Kumogakure no sato, lit. Duerf verstoppt an de Wolleken)
Kage: Raikage Raikage (雷影, Blëtzschiet)

Aner Natiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Land vum Reen (雨隠れの里, Amegakure no Sato)
  • Land vum Klang (田の国, Ta no Kuni)
  • Land vun de Wellen (波の国, Nami no Kuni)

Animesekipp[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Direkter: Hayato Date
  • Den Auteur: Masashi Kishimoto
  • Responsabler vun de Charakteren: Tetsuya Nishio an Hirofumi Suzuki
  • De Moler: Takuya Kawami
  • Musek: Tv Tokyo Music
  • Produktioun: Tv Tokyo
  • Produkteuren: Akiko Gujima, Hiroshi Hagino

D'Sendungen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg lafen déi franséisch an däitsch Versioun. Déi däitsch leeft um RTL 2 an déi franséisch um Cartoon Network France, Mangas et NT1, France 3, Game One oder Club RTL.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Naruto (Manga) – Biller, Videoen oder Audiodateien