Op den Inhalt sprangen

New Order

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) New order)

New Order ass eng englesch New-Wave- a Post-Punk-Band vu Manchester.

D'Band ass den Nofollger vun Joy Division, well d'Membere vun där Band ausgemaach haten, net méi ënner deem Numm opzetrieden, wann ee vun de Memberen d'Band géif verloossen. Wéi de Sänger Ian Curtis sech am Mee 1980 ëmbruecht huet, hunn déi aner dräi Bandmemberen d'Band opgeléist a sech als New Order nei forméiert.

Bei New Order huet de Gittarist Bernard Sumner d'Roll vum Frontsänger iwwerholl. Komplettéiert gouf d'Band duerch de Peter Hook (E-Bass), de Stephen Morris (Batterie) an der Gillian Gilbert (Keyboards). Wärend der Tour 2001 koum de Phil Cunningham (Keyboards,Gittar) plazeweis zum Asaz. Zanter 2004 spillt de Phil Cunningham permanent d'Keyboards, amplaz vun der Gillian Gilbert, déi sech fir op hir schwéier krank Duechter opzepassen aus der Band zeréckgezunn huet.

Déi éischt Verëffentlechunge vun New Order waren nach staark vun der Musek vun Joy Division beaflosst, well d'Kompositiounen deelweis nach vum Ian Curtis gestaamt hunn. Mat der Zäit hunn New Order hiren eegene Stil aus New Wave an elektronescher Dance-Musek entwéckelt. Speziell ass d'Bass-Spill vum Peter Hook, dat méi wéi eng Bariton-Gittar kléngt as wéi e Bass.

De gréisste Succès vun New Order war d'Maxi-Single Blue Monday aus dem Joer 1983. Dës Schallplack, déi bei Factory Records erauskoum, ass bis haut weltwäit déi am meeschte verkaafte Vinyl-Maxisingle. De Song gouf 1988 an 1995 erëm verëffentlecht. 1990 haten New Order hiren éischten an eenzegen Nr.1 Single Hit a Groussbritannien, wéi se zesumme mat Spiller vun der englescher Foussball-Nationalequipe ënner dem Numm „EnglandNeworder“ fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft d'Lidd World in Motion opgeholl hunn.

An den 1990er-Jore sinn en Album (Republic) an eng Rei vu Compilatioune mat Singles a Remixen erauskomm.

D'Membere vun der Band hunn an dëser Zäit verschidden aner Museksprojekter gehat. De Bernard Sumner zesumme mam Johnny Marr vun The Smiths an dem Neil Tennant vun de Pet Shop Boys als Electronic, de Peter Hook fir d'éischt mat Revenge a spéider mat Monaco an Stephen Morris/Gillian Gilbert hu Musek als The Other Two gemaach.

New Order live (2005)

2001 koumen den neie Studiosalbum Get Ready an d'Hitsingle Crystal eraus, déi méi rockeg ware wéi fréier Wierker vun der Band. Am Abrëll 2005 ass den Album Waiting for the Sirens' Call verëffentlecht ginn. Vum New Musical Express krut d'Band fir hiert Liewenswierk den „Godlike Genius“-Award.

De 4. Mee 2007 huet de Peter Hook an engem Telefonsinterview bekannt ginn, datt hien net méi mat New Order zesummeschafft.[1].

Joer Album D A CH UK US
1981 Movement 30
1983 Power, Corruption & Lies 18 4
1985 Low-Life 7 94
1986 Brotherhood 9 117
1987 Substance 18 10 3 36
1989 Technique 25 15 1 32
1993 Republic 54 1 11
1994 The Best Of New Order 4 78
1995 The Rest Of New Order
2001 Get Ready 7 15 24 6 41
2002 International
2002 Retro
2005 Waiting For The Sirens Call 14 38 44 5 46
2005 The Singles

EPs, Live etc.

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1982 - 1981-1982 EP
  • 1986 - The Peel Sessions 1982
  • 1987 - The Peel Sessions 1981
  • 1992 - BBC Radio 1 Live In Concert (live in Glastonbury 1987)
  • 1997 - Video 586
  • 2002 - Back to Mine
  • 2003 - The Peter Saville Show Soundtrack
  • 2004 - In Session (live in Studio 1998/2001)
  • 2007 - Control - official Soundtrack (Soundtrackalbum zum Ian Curtis-Film "Control" incl. 3 neie New Order-Songs: "Exit", "Hypnosis" a "Get Out")
Joer Single D A CH UK US
1981 Ceremony 34
1981 Procession / Everything´s Gone Green 38
1982 Temptation 29
1983 Blue Monday 2 4 10 9
1983 Confusion 12
1984 Thieves Like Us 18
1985 The Perfect Kiss 46
1985 Sub-Culture 63
1986 Shell-Shock 28
1986 State Of The Nation 30
1987 Bizarre Love Triangle 56 98
1987 True Faith 8 13 4 32
1987 Touched By The Hand Of God 37 20
1988 Blue Monday '88 3 9 3 68
1988 Fine Time 11
1989 Round And Round 21 64
1989 Run 2 49
1990 World In Motion 21 27 1
1993 Regret 39 4 28
1993 Ruined In A Day 22
1993 World (The Price Of Love) 77 13 92
1993 Spooky 22
1994 True Faith '94 9
1995 1963 21
1995 Blue Monday '95 54 17
2001 60 Mph 29
2001 Crystal 39 83 8
2002 Here To Stay 77 15
2002 World In Motion 2002 43
2002 Confusion 64
2005 Krafty 65 8
2005 Jetstream 86 20
2005 Waiting For The Sirens Call 21

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. XFM - Peter Hook: "New Order Have Split"
Commons: New Order (band) – Biller, Videoen oder Audiodateien