Norbert Richtsteig
Ausgesinn
Norbert Richtsteig | |
---|---|
Gebuer |
1948 Rheinberg |
Gestuerwen | 14. Februar 2021 |
Aktivitéit | Dirigent |
Den Norbert Richtsteig, gebuer 1948 zu Rheinberg an Nordrhein-Westfalen, ass en däitschen Organist.
Den Norbert Richtsteig staamt aus enger Organistefamill an huet Kierchemusek beim Herbert Voß op der Kierchemusekschoul St. Gregorius-Haus zu Oochen studéiert. Säin Ofschloss huet hien 1969 mam A-Examen gemaach. Nodeem hie beim Professer Michael Schneider zu Köln virustudéiert hat, huet en Interpretatiounscoursë beim André Isoir, beim Peter Planyavsky a beim Ludger Lohmann beluecht.
Den Norbert Richtsteig ass Dozent fir Uergelimprovisatioun an Uergelliteraturspill op der Kathoulescher Héichschoul fir Kierchemusek St. Gregorius zu Oochen.
Zanter 1987 ass hien Doumorganist am Oochener Doum.