Sumbe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Novo Redondo)
Sumbe
Plage bei Sumbe
Land Angola
Vewaltungseenheet Cuanza Sul
Awunner 279.968
  2014
Fläch 3.890
Héicht ?
Koordinaten 11° 12’ 00’’ S
      13° 50’ 00’’ O
Websäit /

Sumbe ass eng angolanesch Stad um Atlantik an d'Haaptstad vun der Provënz Cuanza Sul. Si huet bis 1975 Novo Redondo geheescht.

1768 sinn op Uerder vum deemolege Gouverneur Inocêncio de Sousa Coutinho eng Schoul an e Prisong do gebaut ginn.[1][2] 1785 ass déi éischt Festung aus Steen gebaut ginn an 1811 déi éischt Kierch. Déi éischt Gesondheetszerwisser sinn 1872 ugebuede ginn. Am Juni 1954 war de portugisesche President Francisco Craveiro Lopes op Besuch komm an den 20. Juni 1955 ass Novo Redondo Distriktshaaptstad ginn.

1966 ass do eng modern kathoulesch Kierch gebaut ginn, d'Igreja da Nossa Senhora da Conceição, déi vum Architekt Francisco Castro Rodrigues entworf gouf.

No der angolanescher Onofhängegkeet (1975) krut d'Stad hiren aktuellen Numm.[1]

D'Haaptethnien an der Stad mat ronn 35.000 Awunner sinn d'Mupinda, d'Musseles, d'Bailundos, d'Lumbos an d'Amboins.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sumbe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Zitéierfeeler: Ongëlteg <ref> Markéierung; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Numm AOP
  2. Rede Angola: Sumbe (30. Oktober 2014)