Op den Inhalt sprangen

Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ordre de Mérite)
Commandeur vum Ordre du Mérite (gëtt ëm den Hals gedroen)

Den Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg ass e lëtzebuergesche Verdéngschtuerden deen den 23. Januar 1961 zu Éiere vum 65. Gebuertsdag vun der Groussherzogin Charlotte agefouert gouf[1].

Den Uerden ass an d'Liewe geruff ginn, well et absënns zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich – anescht wéi z. B. a Frankräich oder an der Belsch – zu Lëtzebuerg keen Uerde gouf fir Leit wéinst hire Verdéngschter an hirem Beruff oder fir aner Déngschter déi se geleescht hunn z'éieren. Wann op der anerer Säit den Ordre de la couronne de chêne ze vill mëtschgieweg verdeelt géif, hätt dem säi Wäert méiglecherweis ofgeholl. Et goufe verschidde Projete fir en neien Uerden ze schafen, déi awer ni ëmgesat goufen, bis den Ordre de Mérite dunn uganks 1961 agefouert gouf.

Den Ordre de Mérite ass a 5 Graden opgedeelt[2]:

  • Grand'Croix
  • Grand-Officier
  • Commandeur
  • Officier
  • Chevalier

Zum Uerde gehéiert och eng Medail aus Sëlwer, déi mat Gold iwwerzunn ass.

Wien den Ordre de Mérite kréie kann

[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag gëtt den Ordre de Mérite un Deputéiert, Membere vum Staatsrot, Staatsbeamten, Kommunalpolitiker a -beamten, Acteuren aus dem wirtschaftlechen, sozialen, kulturellen oder sportleche Secteur, oder u Fräiwëlleger verginn. E kann och un Auslänner verdeelt ginn, ënnert der Konditioun, datt déi auslännesch Regierung domat averstanen ass.

D'Medail gëtt un Honnertjäreg verginn a kann och u Persoune verdeelt ginn, fir se fir Rettungsasätz z'éieren.

 Commons: Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Arrêté grand-ducal du 23 janvier 1961 portant institution de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg. data.legilux.public.lu (23.01.1961). Gekuckt den 13.04.2025.
  2. Schreifweis wéi d'Graden am Arrêté grand-ducal opgezielt sinn