PH1
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) PH1 (Exoplanéit))
De PH1 och alt PH1 b (PH steet fir Planet Hunters) oder no der NASA-Bezeechnung Kepler-64b genannt, ass en Exoplanéit, deen am Oktober 2012 vun zwéin Amateurastronomen, dem Kian Jek an dem Robert Gagliano am Kader vum Projet Planet Hunters fonnt gouf,[1]. Hir Observatioun gouf vu Fuerscher aus den USA a Groussbritannien, déi op Hawaii schaffen, konfirméiert. Et handelt sech ëm ee Gasris, deen am Véierfach-Stäresystem Kepler-64 ëm zwéi Stäre mat der Bezeechnung KIC 4862625(AB) kreest. De Planéit ass ongeféier sou grouss wéi den Neptun.
En huet e Radius, dee 6,2-mol méi grouss ass wéi dee vun eiser Äerd. Fir eng Ëmkreesung vu senge béide Sonne brauch de PH1 138 Deeg.[2] Den neie Planéit ass ronn 5000 Liichtjoer vun der Äerd ewech.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Amateurastronome fannen e Planéit an engem Véierfach-Stäresystem 17.10.2012
- YaleNews - Armchair astronomers find planet in four-star system 15.10.2012
- Sterne und Weltraum.de - Exoplanéiten, E Planéit an engem Véierfach-Stäresystem entdeckt 16. Oktober 2012
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Werner Pluta: Weltraumteleskop: Kepler entdeckt System mit einem Planeten und vier Sternen. In: golem.de vum 16. Oktober 2012, ofgeruff de 17. Oktober 2012
- ↑ Konferenz American Astronomical Society am 15. Oktober 2012